Dëst ass elo scho fir déi 3. Kéier hannerteneen, dass d'Cloud Factory am "Excellent Pizza"-Ranking ass.

D'Cloud Factory ass domadder den éischten an eenzege Lëtzebuerger Restaurant bis ewell, deen an dësem prestigiéisen internationale Ranking representéiert ass, deen sech wéi gesot op Pizzaen uechtert ganz Europa spezialiséiert. De Restaurant, deen et mëttlerweil zu Esch an der Stad an zënter Mee zu Märel gëtt, gouf jo an der Pandemie gegrënnt a spezialiséiert sech op neapolitanesch Pizzaen. Wéi et schéngt mat Succès.

RTL

© David Winter / RTL

Dëse Klassement kënnt Joer fir Joer eraus, dat andeems anonym Tester Restauranten a ganz Europa teste ginn an dës bewäerten, dat ofhängeg vun der Qualitéit vum Deeg, den Ingredienten déi verschafft ginn, de Service, d'Ambiance an d'Konstanz vun der Leeschtung déi ee kritt.

An och an eisem Readers' Choice vun der beschter Pizza zu Lëtzebuerg konnt d'Cloud Factory sech jo op enger gudder 4., respektiv 8. Plaz behaapten. Beim Choix u Lëtzebuerger Pizzeriaen en exzellent Resultat.