Et war déi mediatiséiertst Persoun aus den 90er Joren an den trageschen Doud vun der Prinzessin Diana ass ewéi e Laffeier duerch d‘Welt gaangen.

1997 stierft d‘Lady Di bei engem Autosaccident an hannerléisst nach bis haut déif Spueren am brittesche Kinnekshaus. Eng Ikone, net nëmmen well si sech getraut huet, sech scheeden ze loossen, mee och well d‘Prinzessin Diana hir Popularitéit genotzt huet, fir Suen ze sammelen fir déi äermste Leit op der Welt. Op Schratt an Tratt gouf si fotograféiert a scho bal gejot. An op den honnertdausende Fotoen koum awer och eppes eraus: d‘Léift fir d‘Moud vun der gebierteger Diana Spencer. Elo gi ronn 100 Stécker aus hirem Kleederschaf versteet.
 
Vu faarwege Kleeder, iwwer Poschen, Hitt a Schong. Perséinlech Géigestänn vun der verstuerwener Prinzessin Diana komme geschwënn an Irland ënnert den Hummer. Et ass déi gréisste Stee ronderëm der Lady Di hir Moud, déi et bis dato gouf an do wier een beim Auktiounshaus besonnesch houfreg drop.
 
"Et ass déi gréissten Auktioun ronderëm d‘Prinzessin Diana, well mir hunn méi wéi 100 vun hire Stécker vun hirem eenzegaartege Liewen. Dorënner Erënnerungsstécker a Stécker, déi en Deel vun hirem Vermiechtnes sinn. An d‘Diana selwer hat schonn eng Kéier 70 vun hire Kleeder selwer verkaaft, am Joer 1977, fir Suen fir de gudden Zweck ze sammelen. Domadder sinn 3 Milliounen zesummekomm. Leit consideréieren dës Stécker als gudden Investment, well d‘Chance si grouss, dass se se an e puer Joer fir méi verkafe kënnen."
 
An e puer Kleeder stiechen elo scho besonnesch eraus. Wéi zum Beispill dëst faarwegt Kleed aus Seid vum fréiere britteschen Haute Couture-Label Bellville Sassoon. De Rack gouf vun de Medien, „Caring Dress“ genannt, also d‘Kleed vun der Waarmhäerzegkeet, well d‘Diana dëst dacks bei offiziellen Optrëtter a Spideeler unhat.
 
"Dat immenst schéint an faarwegt Kleed, dat extra fir d‘Diana gemaach gouf fir hir offiziell Visitt an Australien am Joer 1988 fir d‘Zweehonnertjoerfeier. Ech selwer war zu Sydney an et war immens, d‘Diana an de Rescht vun de Royals ze gesinn bei engem risegen Event mat Freedefeier a grousse Schëffer am Hafen. D‘Diana hat dëst Kleed un, fir an d‘St Andrews Kierch zu Sydney ze goen. An si hat et esou gär, dass se et souguer nach mindestens 9 Mol duerno unhat. Zum Beispill an Afrika, a Spuenien oder och op verschiddenen Evenementer a Groussbritannien.“
 
Geschate Präis heivunner tëscht 200.000 an 300.000 Dollar. Ënnert der exquisitter Auswiel och eng vun de ville Posche vum Diana, dorënner och dës vun Dior, déi de selwechten Numm dréit wéi si. Oder och nach eng schick Toile fir owes an eppes ganz Besonnesches. Déi original Skizze vum hirem Hochzäitsrack, dat si 1981 gedroen huet. D‘Prinzessin Diana ass bis haut eng Fashion-Ikone an hat fir hire moudesche Stil genee Virstellungen.
 
"Si wollt e klassesche Stil, deen zäitlos ass. All déi Outfits, déi dir hei ronderëm mech gesitt, sinn iwwer 40 Joer al, ma nach ëmmer kéint ee se hautdesdaags undoen. Dat heescht, si huet dat gepackt, wat se wollt. A souguer nach an 100 Joer wäerten dës Stécker relevant sinn a mir schwätzen nach ëmmer iwwert d‘Diana."
 
A sou wéi d‘Prinzessin Diana et sech och gewënscht hätt, geet en Deel vum Erléis un eng karitativ Organisatioun.