Patrick Klein, Tom Hecker (aka Tatta Tom) a Luxembourg Pride
Dës Woch geet et ëm d'Tätowéieren, Lëtzebuerger Musek, Drag-Konscht an d'Luxembourg Pride zu Esch.
De Patrice Klein organiséiert no e puer Joer Paus e "Luxembourg Tattoo" zu Schengen. 2010 war dee leschten "Luxembourg Military Tattoo" an der Coque. Elo huet ee mam Schengen-Marina zu Schwéidsbeng en neien adequat Doheem fonnt. Fir den Optakt hunn aus Däitschland "The Gambles", de Musikverein "Perl-Besch" an de Werner Schierle zougesot, nieft "Saxitude", "Spirit of the Highlands Pipes & Drums" vu Maacher an der "Luxembourg Pipe Band". Ticketen ginn et hei!

10 Lëtzebuerger Top-Kënschtler ginn e Freideg op der Kinnekswiss vun engem symphoneschen Orchester begleet. D'Iddi koum alt nees vum Museker an Dirigent Gast Waltzing, dee sech fir dëse Freideg Nimm wéi de Nosi, Schëppe Siwen, Oke, MAZ Univerze, Mutiny on the Bounty, Laura Thorn, Francis of Delirium, Rome, Jackie Moontan, Daniel Migliosi an Jean-Jacques Maillet a seng Open-Air-Stuff invitéiert huet. Begleet gi si vum Tschechen Symphonieorchester. www.vdl.lu

Den Tom Hecker huet nieft senger Performance als "Tatta Tom" grousse Succès am klassesche Gesang. Dat Talent konnt hien och schonn beim Musical "Fusion" vun der UGDA, oder Carmina Burina mam Choeur symphonique de la Grande Region vun der INECC am Conservatoire an zu Paräis an der Philharmonie ënner Beweis stellen. Hien stoung am Muscial "E Living an Amerika" op der Bün a war 2012 bei der Prënzenhochzäit an der Chorale. Als Performer beweegt hie sech tëscht sengem Personnage "Tatta Tom" an der Drag-Kënschtlerin "Seraphine Mirage".

"Alle Farben" ass d'Haaptaffiche e Freideg 11. Juli bei der Luxembourg Pride zu Esch. Et ass eng grouss Chance fir d'Organisateuren vu Rosa Lëtzebuerg sou e Superstar an Hit-Garant op Esch ze kréien, deen zanter 20 Joer op d'Charts abonéiert ass. Wien erënnert sech net u säin Remake vu "Supergirl" vun der Band Reamonn, e Lidd dat sech 42 Wochen an den däitschen Charts gehalen huet a Platin-Status erreecht huet. Awer och Lidder wéi "Fading", "Little Hollywood" oder "Bad ideas" dierfen net op senger Set-Lëscht feelen. https://alle-farben.com/
