Wat sinn d'Gefore vun Zecken a Mustiken, a wougéint kann ee sech impfen?

© pixabay.com
De Summer ass fir vill vun eis déi schéinsten Zäit vum Joer. Wier do net dat Gedéiesch, dat ee pickt a bäisst.
Mustiken an Zecke kënnen engem d'Liewe schwéier maachen. Konzentréiere mir eis op déi butzeg Déieren, ugefaange mat den Zecken: dës kënnen FSME iwwerdroen. Wat sech hannert deene Buschtawe verstoppt, erkläert d'Doktesch fir Infektiounskrankheeten am CHL a vun der Travel Clinic, Thérèse Staub.
"Dat ass eng Frühsommer-Meningoenzephalitis, dat ass esou eng Krankheet, wou ee Féiwer kritt. 30 Prozent vun de Leit kréie ronn eng Woch duerno eng Encephalite, also eng Entzündung vum Gehier. FSME gëtt et scho laang, ma d'Zon, an där ee se an Europa fanne kann, gëtt méi grouss. Hei am Land hate mir bis ewell nach keen eenzege Fall. Déi eenzeg Fäll, déi mir haten, si Leit, déi aus dem Ausland kommen", seet d'Dr Thérèse Staub.

© pixabay.com
De leschte Fall war 2023 zu Lëtzebuerg an déi Persoun koum aus Schweden oder Litauen. Zu Lëtzebuerg gouf et also bis elo kee Fall, an deem eng Bëschzeck dëse Virus iwwerdroen hätt. Sou gesi bréicht een d'Impfung - well et gëtt eng dogéint - just, wann een dann an déi Zon fiert, wou d'Zecken dee Virus iwwerdroen. Ee Beispill ass Éisträich. An dann hänkt et och nees dovunner of, wou genee ee geet.
"Also, wann een zum Beispill op Wien geet, brauche mer dat net ze maachen. Awer déi Leit, déi wandere ginn an Éisträich sollte sech besser impfe loossen. Et gëtt och FSME am Norde vum Italien, an der Slowakei, am Norde vum Europa, a Schweden. A Schweden hu si ganz vill Fäll den Ament. Och Litauen, Estland oder wa mir a Süddäitschland ginn, a Bayern, och ginn et vill Fäll. An am nooste bei eis, wéi am Saarland sinn och e puer Fäll. Ma bei eis zu Lëtzebuerg hu mir ëmmer gekuckt, mir hunn awer nach kee fonnt."
Wat geschitt, wann een den FSME-Virus dann elo kritt?
"An de meeschte Fäll geet et gutt aus", esou d'Dr Thérèse Staub. "Also d'Leit si krank, si hu Féiwer, hu Kappwéi, musse sech iwwerginn, an dat dauert e puer Deeg an duerno geet et besser. Bei e puer Leit, déi méi al sinn, kann et zu Komplikatioune kommen, et kann een och dru stierwen oder et kann ee Sequelle behalen."
Et gëtt keen Traitement dogéint. D'Doktesch Thèrèse Staub seet och, datt een den Androck huet, datt d'Zecken, déi dëse Virus iwwerdroe kënnen, amgaange si sech ze verbreeden. Dofir soll ee virsiichteg bleiwen a sech genee oftaaschten a kucken, wann een aus dem Bësch kënnt oder aus der Wiss, ob een net esou e Bluttsëffer un der Haut huet. Oder et léisst ee sech impfen, fir op Nummer sécher ze goen.

© pixabay.com
All Joers ginn Etüde gemaach fir ze kucken ob och zu Lëtzebuerg d'Zecken den FMSE-Virus oder d'Bakterie vun der Borrelios iwwerdroe kënnen. Wärend zu Lëtzebuerg nach keng Zeck mam FSME-Virus fonnt gouf, gesäit dat bei der d'Bakterie vun der Borrelios schonns anescht aus.
Och dëst Joer ginn nees Studie gemaach, wou ganz vill Zecke gesicht ginn, fir ze kucken, wat fir Virussen a Bakterien an den Zecke sinn.
Wat ass eng Borrelios?
"D'"Maladie de Lyme" ass eng Krankheet, déi duerch eng Bakterie mam Numm Borrelia kënnt. Déi gëtt et zu Lëtzebuerg. Wann déi Zecken ee bäissen, kënnen se d'Krankheet iwwerdroen, mä dat geschitt net automatesch. Dës Zeck muss laang do sinn, viru 24 Stonnen ass de Risiko ganz kleng. Also muss ee kucken, wann een eng Zeck huet, dës ewechzehuelen. An de Wochen duerno, bis sechs Wochen, ka sech eng rout Plaz ronderëm d'Plaz bilden, wou d'Bëschzeck war. Dee Krees gëtt ëmmer méi grouss an duerno geet en ewech vu selwen, awer dat dauert e puer Wochen. Dat Symptom ass schwéier ze iwwersinn, ausser et huet een de Krees um Réck oder um Kapp, da kann een dat net gesinn. Dann duerno kënnt een an enger aner Phas, wou d'Leit e Probleem mat de Gelenker hunn, si kënnen och en neurologesche Probleem hunn, dat kënnt duerno."
Géint d'Borrelios kann ee sech net impfe loossen, erkläert d'Dr Thérèse Staub.
"Et gouf eng Impfung virun 20 Joer an déi gouf et an Amerika. Déi ass awer nees erausgeholl ginn, well déi war net wierklech effizient. Awer et sinn elo zwee Laboratoiren, déi preparéieren eng aner Impfung. An déi kënnt an e puer Joren, denken ech, eraus."
Sollt een dann eng Borrelios erwëschen, kann ee sech mat Antibiotik hëllefen. Dat ass dann am beschte mat Ärem Dokter ofzeklären.
Och Mustike kënnen eng Rei Krankheeten iwwerdroen
Zielt Dir och zu deene Mënschen, déi dacks vu Mustike gepickt ginn? Firwat deen ee gepickt gëtt an deen aneren net, do scheede sech nach d'Geeschter. Mir interesséieren eis elo och éischter fir d'Krankheeten, déi si kënnen iwwerdroen.
Zanter e puer Joer gesäit een nieft de Mustiken, déi mir soss hei zu Lëtzebuerg esou kennen, och Tigermustiken.

"Déi Tigermustiken iwwerdroen e puer Krankheeten, déi normalerweis an den Trope sinn. Et gëtt den Zika, et gëtt de Chikungunya an et gëtt den Dengue. A fir den Ament hu mir keng vun dëse Krankheeten zu Lëtzebuerg kritt, déi do iwwerdroe gi wieren. Et si just Fäll vu Leit, déi dee matbruecht hu vun iergendwou anescht."
An anere Wierder, mir hu wuel dës Tigermustiken, awer si hunn nach näischt iwwerdroen.
"Nee, well déi mussen ee picken, dee krank ass, an dann en anere picken, fir dës Krankheet ze iwwerdroen. Well déi Leit, déi esou eng Krankheet hätten, hei seele sinn, kënne se dës Krankheet net iwwerdroen."
Och wa mir zu Lëtzebuerg keng Fäll elo haten, sollt ee virun der Vakanz awer wëssen, datt et a Südfrankräich, Spuenien an Italien e puer Fäll vun Dengue gouf. D'Symptomer si wéi bei enger Gripp an et gëtt kee spezifescht Traitement dogéint. Wéi ass et do mat der Impfung?
"Et gëtt eng Impfung géint Dengue, zanter zwee bis dräi Joer elo, et ass eng nei Impfung. An den Ament impfe mir nëmme Leit, déi scho Mol den Dengue kritt hunn. Also déi Leit, déi fir dräi Joer elo an e Land wëlle goen, wou vill Dengue ass, déi kënne sech impfe loossen, wa se da scho Mol Dengue haten. Mir sinn e bëssi virsiichteg, well mir net wëssen, ob déi Leit, déi keen Dengue haten a mir se dann impfen a se dann Dengue kréien, ob et dann net méi schlëmm gëtt. Et gëtt nach net vill Studien dofir."
Rezent goufen et am Elsass, Nordfrankräich an am Südweste vun Däitschland Fäll vu Chikungunya. Erwëscht een dee Virus, huet een och grippetypesch Symptomer, wéi héicht Féiwer, Kapp a Glidder wéi.
Mustike kënnen awer och Malaria iwwerdroen, awer do kann ee Pëllen am Virfeld huelen, fir sech ze schützen.
Fir méi Detailer iwwer weider Krankheeten, déi Mustiken iwwerdroe kënnen, kuckt een am beschten um Internetsite vun der Travel Clinic vun der CHL.

© pixabay.com
Nieft senger klenger Apdikt fir an d'Vakanz mat Plooschter, Desinfectant an och eppes géint de Sonnebrand, sollt ee virum Reesen och checken, ob ee selwer genuch geschützt ass - also kucken, ob den Impf-Carnet up to date ass.
"Also et muss een en Règle si mat sengen Normalimpfungen, dat heescht Tetanus, Diphtherie, Polio, déi mir hei am Land all 10 Joer maachen. A wann een aus Europa geet, muss ee géint d'Hepatitis A geimpft sinn. Dat heescht eng Gelbsucht, déi vum Waasser an der Ernärung kënnt. An dat gëtt et iwwerall baussent Europa. Obwuel mir hunn dëst Joer e bëssi méi Fäll och an Europa. An Éisträich, an Tschechien, Ungarn an an der Slowakei hu se méi Fäll wéi virdrun."
Déi Impfunge kann een och bei sengem Hausdokter ganz einfach maachen, dofir muss een elo net an d'Travel Clinic extra kommen.
Do ginn et dann aner Impfungen, wou een dann an d'Travel Clinic muss, dat ass fir Gelbfieber, fièvre jaune. Also Gelbfieber gëtt et just an Afrika, wann och net a ganz Afrika, dann a Südamerika an e par Länner, awer Gelbfieber gëtt et net an Asien.
An natierlech hänkt et och dovunner of, wat fir eng Vakanz ee mécht.
"Ob een do elo an e schicken Hotel fir fënnef Deeg geet, oder ob een eng Weltrees fir 6 Méint oder 1 Joer mécht, kritt een och aner Impfungen. Zum Beispill Typhus oder et kann ee sech impfe loosse géint Tollwut, wann ee mat Déiere schaffe wëll, oder ee vill Kontakt mat Déiere kréie kann. An da gëtt et och nach d'Impfung géint d'Encéphalite japonaise, déi gëtt et da fir Asien", esou d'Spezialistin fir Infektiounskrankheeten am CHL, d'Doktesch Thérèse Staub.
Fir méi Informatiounen zu speziellen Impfunge fir e spezifescht Land wennt ee sech am beschte un d'Travel Clinic.