De Palais mécht de Summer iwwer seng Diere fir de Public op
Wien also gären eng Kéier erliewe wëll, wéi et do vu bannen ausgesäit, dee kann dat vun elo bis den 31. August.
D'Visitt vum Palais féiert ee fir d'éischt an d'Salle de la Balance, déi zu Momenter als Vestiaire, Doudeskummer oder wéi elo als Exposraum fir eng Fotoausstellung aus de leschte 25 Joer genotzt gëtt. Den Numm kënnt dohier, dass fréier Wueren hei ofgewie goufen, iert se duerften um Maart verkaaft ginn. Zanter 1964 mécht de Palais all Joer seng Dieren op.
Dass et am Palais pompös ageriicht ass, dierft wuel keen iwwerraschen. Méi iwwerraschend dogéint ass eng modern Luucht, déi an der sougenannter Waffekummer ze fannen ass. Zanter de Renovatioune vum Palais an den 90er Joren hätt sech d'Kollektioun awer net verännert. Nieft dëser Luucht oder enger Dier, déi an d'Chamber féiert, kritt een am Palais allerhand gewisen.
Zanter 3 Joer ass och eent vun den Appartementer, déi bei Staatsvisitte benotzt gi fir d'Leit op. D’Touren duerch de Palais wieren zimmlech beléift.
Bis den 31. August kann een nach fir 18 Euro den Ticket fir e kuerze Moment an d'Welt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse andauchen.