Och zu Lëtzebuerg sëtzen d'Leit ze laang. Wat fir Problemer dobäi optauche kënnen a wéi een dës evitéiere kann, huet eis de Kiné Thierry Merz erkläert.

Viru kuerzem huet déi däitsch Krankeversécherung DKV zesumme mat der däitscher Sporthéichschoul an der Universitéit Würzburg d'Dauer vum Sëtze vun der däitscher Bevëlkerung an enger Ëmfro ënner d'Lupp geholl.
Dobäi hu si erstaunlech Zuele fonnt: Duerchschnëttlech sëtzen d'Mënschen an Däitschland un engem Aarbechtsdag iwwer 10 Stonnen. Sech beweegen ass an dem Fall immens wichteg, mee nëmmen d'Hallschent vun de Leit an Däitschland kritt dat am Alldag hin.

Idealerweis gi vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) zwee Muskel-Traininge pro Woch recommandéiert. An der Ëmfro gëtt een Drëttel vun de Participanten un, dës och ze maachen.

Net nëmmen an Däitschland mee och zu Lëtzebuerg ass dat laangt Sëtzen e Problem. De Kiné Thierry Merz iwwer seng Patienten:

"Ech géif bal soe 70 Prozent vun de Leit hu Bürosaarbechten oder Beruffer, wou si vill sëtzen."

RTL

Dem Kiné Thierry Merz no hu bal 70% vu senge Patiente Bürosaarbechten oder aner Beruffer, wou si vill sëtzen. / © RTL

Weider erkläert hien, dass et beim Sëtzen zwee Beräicher am Kierper ginn, déi besonnesch belaascht ginn: d'Hëftgelenk an d'Bandscheiwen. Do kann dat laangt Sëtzen dann och gären emol Arthros oder e Bandscheiwevirfall provozéieren, warnt de Kiné.

Sollt et net ëmmer méiglech sinn opzestoen a sech ze beweegen, kann een awer och an d'Sëtze kleng Beweegungen abauen:

"Et muss een net onbedéngt riicht sëtzen, et kann een och emol e bësse wiesselen, no vir, no hannen e bësse widder leeën, mol eng Kéier bësse säitlech sëtzen."

Am Prinzip sollt een dem Thierry Merz no awer probéieren, all Dag e wéineg a Beweegung ze kommen.

Ideal wier, dräi bis véier Mol d'Woch Sport ze maachen.

Sport an der Mëttegstonn

An der Stad notze vill Leit hir Mëttespaus fir an e Park ze goen an do hiren Tour ze spadséieren oder hire Sport ze maachen. Dëst och aus dem Besoin eraus, Ofwiesslung an hirem Alldag ze hunn a Beweegung ze kréien. Déi Leit, déi mir op engem sonnege Mëtteg virun de Mikro kruten, hate manner Schwieregkeeten domat, sech genuch ze beweegen.

Mat dëse konkreten Übunge kann ee scho vill maachen