D'Lidd “Golden” vun der fiktiver Band Hunter/x erfreet sech den Ament immenser Popularitéit op Streamingservicer an an de soziale Medien.

Nr. 1 beim Billboard Global 200, Nr. 1 bei Spotify World Top 100 a Summerhit 2025 an Däitschland: D'Zuele schwätze fir sech.

D’Lidd “Golden” aus dem aktuellen Netflix-Filmhit “Kpop Demon Hunters” ass an Däitschland den offizielle Summerhit vum Joer, ma och zu Lëtzebuerg ass d’Lidd bei de Jonken zimmlech populär.

Zu Lëtzebuerg ass de Song aktuell op der Plaz 4 vun de meescht gelauschterte Lidder op Spotify. Hei am Land ass et ewell iwwer 115.000 mol gelauschtert ginn.

An Däitschland ass “Golden” schonn 30 Millioune mol gelauschtert ginn an zanter zwou Wochen ass et op der Plaz 1 vun de Single-Charts, esou Gfk Entertainment, eng däitsch Entreprise, déi Marchésanalysen duerchféiert. An och an anere Länner op der Welt ass de Song immens populär, sou zum Beispill an den USA oder a Südkorea, wou en d'Charts genee esou dominéiert.

Och op Plattforme wéi TikTok versiche sëlleg Fans d’Choreographie aus dem Film nozemaachen. Schonn zanter méi laangem erfreet sech Kpop international enger grousser Beléiftheet, och baussent Südkorea. Déi sëllege Bands, déi een dem südkoreanesche Genre zouschreiwe kann, zéie Millioune Fans un a generéieren enorm héich Klickzuelen op Streamingservicer.