Fir 2 Persounen:
- 50g Hambieren
- 50g Äerdbier
- 225g sauer Rahm
- 225ml Mëllech
- e wéineg Äis
Optional:
- 3 ZL Hunneg

Preparatioun:
- D'Friichten all gutt wäschen an ofdréchnen
- Déi gréng Kopp vun den Äerdbieren ewech schneiden
- Alles zesummen mat der Rahm an mat der Mëllech an engem Blender püréieren
- D'Äis entweder a Cuben an d'Glas leeën oder an de Blender geheien fir en erfrëschenden Touch
- Fir déi wou et gär méi séiss hunn: 3ZL Hunneg mat dra vermëschen
- Fir ze dekoréieren nach eng Äerdbier hallef duerchschneiden an op de Bord vum Glas leeën