
4 Eeër
100 Gr Schwäizer Kéis
70 Gr Botter
25 cl Mëllech
50 Gr Miel
Muscatnoss
Salz, Peffer
De Schäffchen op 180 °C hëtzen.
50 Gr Botter an enger Kasserolle schmëlzen an d'Miel dobäiginn. Dat Ganzt 2 bis 3 Minutten op liichter Flam kachen.
D'Kasseroll vum Feier huelen an d'Mëllech dobäiginn ouni opzehalen mam Biesem ze klappen. D'Salz, de Peffer an d'Muscatnoss draginn.
D'Kasseroll nees op Feier setzen a während 2 Minutte kachen ouni opzehalen mam réieren.
Vum Feier nees erofhuelen an d'Eegiel an duerno de Kéis dobäiginn.
Dat Wäisst vum Ee zu Schnéi klappen a liicht salzen. De Schnéi ganz lues ënner d'Gemësch mëschen.
Eng Schossel mat Botter aschmieren an d'Preparatioun draginn.
Während 20 Minutten am Schäffche goen loossen bis de Soufflé schéin héich ass.