Mir brauchen fir 1 Persoun :

200 Gramm frësche Saumon
200 Gramm Gromperen ( Nicolas oder Charlotte)
1 Courgette
1 Porette
2 Zoppeläffelen Sauerram
2 Tomaten
¼ Liter Crème fraiche
50 Gramm frëschen Dëll
Salz a Peffer [ingredients]

D'Sprenzen aus dem Saumon eraushuelen an dann a ganz reng Tranche schneiden. Schneid och d'Gromperen (nodems se geschielt sin) a ganz dënn Scheiwen, dat Wäisst vun der Porette och ganz reng an d'Courgette de laange Wee an 3 ganz fein Lamellen.

Fir d'Préparatioun vum Flan :

d'Crème fraiche an d'Sauerram mëschen an je no Goût salzen a pefferen. Den Dëll wäschen an ganz fein muelen. D'Haut vun den Tomaten erofhuelen (2 Sekonnen a kachend Waasser zappen, dann geet d'Haut vum selwen lass) an dann an ganz kleng Wiirfelen schneiden. Dëst alles zesummen gudd mëschen.

Dann eng feierfest Schossel huelen, de Fong mat Botter areiwen, eng Lo Gromperen, eng Tranche Saumon, eng Lo Courgetten a Poretten an doriwwer een Deel vum Flan. Dat Ganzt widderhuelen bis d'Schossel voll ass. Am Schäffche während 30 Minutten bei 170 Grad goe loossen bis ët ueweriwwer schéi brong ass.

Gudden Appetitt