Salut, ech sinn de Christian. Eleng oder mat Frënn kuerbelen ech oft mam Mountainbike duerch d’Land. Dat hält fit, mëscht Spaass an et kann een esou och vill nei Platzen entdecken. De Rescht vu menger Fräizäit wou ech net um Suedel sëtze, verbréngen ech mat Wanderen, Photographie, Kachen, Geocaching a Reesen.

Klickt hei, fir op  dem Christian säi Blog ze goen.


De Summer steet geschwënn virun der Dier an en versprécht waarm ze ginn! Dann heescht et erëm vill (Waasser) drénken. Passend fir di sonneg Méint huet Rosport dës Woch seng Gamme ‘Rosport mat’ em 1 Goût vergréissert! Nieft Limette, Zitroun a Menthe gëtt et ab elo och de Rosport mat Grapefruit. Ech hat d’Chance en scho virum Lancement kënnen ze schmaachen an hunn 2 Rezepter fir summerlech Cocktails – mat an ouni Alkohol – fir Iech domadder getest!

Mir schmaacht den neie Rosport mat Grapefruit immens gutt gekillt, ech fannen en, doduerch dass en liicht spruddeleg ass an deen Uebst Touch huet, super erfrëschend! Puer ass en also scho lecker, mee en ass och ideal fir Cocktailer ze verfeineren.

Fir mäin éischt Rezept hunn ech mech fir eng nei Variant vun engem absolutte Klassiker, dem Mojito, decidéiert! Et geet féx fir en ze maachen, en ass einfach an en funktionéiert mat an ouni Alkohol. Dëse Cocktail drénkt sech super als Aperitif eegent sech awer och als Erfrëschung iwwert de ganzen Dag.

Mojito mat Rosport mat Grapefruit
Fir 1 Drink:

  • 1 EL brongen Zocker / Alternative: 1 EL Zockersirop
  • Puer Peffermënzblieder (6-8)
  • ½ Limoun
  • ½ Fläsch “Rosport mat: Grapefruit”
  • Optional: 4cl (brongen) Rum
  • Äiswierfel

  1. Limoun a kléng Stécker schneiden.

  2. Den Zocker zesumme mat de Peffermënzblieder an de Limounestécker an e grousst (a stabilt) Glas ginn angutt zerdrécken, bis dass den Zocker sech opgeléist huet an een de Peffermënz riche kann.

  3. Äiswierfel  (Oppassen, crushed Ice kann de Cocktail verwässeren) a Rum (optional) derbäi ginn. Mat “Rosport mat” jee no gewënschter Intensitéit d’Glas opfëllen.

  4. Puer Peffermënzblieder als Deko a fäerdeg ass de Cocktail.

Elo ass d’Portioun Vakanz am Glas ready fir ze genéissen!🍹

Wann Dir Rum elo awer net esou gären hutt, ee virgin Cocktail Iech och net onbedéngt zouseet, dann huet de Christian eventuell hei dat richtegt d’Rezept fir Iech mam neie Rosport Mat.