Nodeems ech jo virun e puer Méint ee ganz interessant Gespréich mam Max Weber, dem Direkter vu Sources Rosport hat, an deem ech immens vill iwwer hier Waasserproduktioun gewuer gouf, hunn ech mech weider mam Thema beschäftegt a mech e bëssen iwwer d’Regioun informéiert an där d’Waasser aus dem Buedem geholl gëtt: dem Natur- & Geopark Mëllerdall.

Et war esou interessant fir mech iwwer eng Regioun bäizeléieren iwwer déi ech scho vill héieren hunn, mee mat där ech mech awer weider nach net ausernee gesat hunn, esou datt ech duecht, ech deelen och e puer vun den Informatioune mat Iech!

D’ Regioun Mëllerdall ass eng Géigend am Oste vu Lëtzebuerg, déi een och oft als Kleng Lëtzebuerger Schwäiz bezeechent. Si besteet aus immens vill wonnerschéiner Natur an enger eenzegaarteger Geologie. Et dominéiert hei de Lëtzebuerger Sandsteen, duerch deen sech an de Joerdausende Baachen hire Wee gegruewen hunn. Genau duerch d’Waasser krut och d’Géigend ursprénglech hiren Numm: do wou vill Waasser ass, konnt ee vill Millen opriichten an deene Mëller geschafft hunn.

Den Natur- & Geopark Mëllerdall deen eréischt 2016 gegrënnt ginn ass, besteet aus 11 Gemengen an ass dee jéngsten Naturpark zu Lëtzebuerg. Am Géigesaz zu deenen anere lëtzebuergeschen Naturparken (Ronn 1/3 vun der Landesfläch vu Lëtzebuerg läit an engem Naturpark), ass den Natur- & Geopark Mëllerdall, wéi den Numm et scho seet, net just een Natur- mee och ee Geopark!

Natur & Geopark & d’Thema Waasser

Als Natur & Geopark bezeechent een eng Géigend, déi besonnesch duerch hier Geologie erausstécht an an där een enger nohalteger Entwécklung vun der Regioun Prioritéit gëtt. Dat heescht, datt gesellschaftlech, ökologesch an och wirtschaftlech Theme gläichermoosse berécksiichtegt ginn an d’Mënschen am Mëttelpunkt vun der Natur & Geoparkiddi stinn. Unhand vun der Geologie weist ee wéi d’Landschaften entstane sinn, wéi eng Gestengs a Rohstoffer am Ënnergrond virkommen a wéi d’Geologie d’Landnotzung beaflosst.

Mee wat mëscht déi ganz Géigend an hier Geologie sou eenzegaarteg?

Iwwer Joerdausenden huet sech hei duerch de Sandsteen an dat villt Waasser eng eenzegaarteg Landschaft mat déiwen Däller a grousse Plateaue geformt, déi muncheree vun eis ganz gären op diverse Spadséiergäng entdeckt.

De Sandsteen huet also vill mat dëser Eenzegaartegkeet ze dinn. Hien ass de Grond fir dat villt proppert Waasser a fir d’Ausgesi vum ganze Mëllerdall. D’Waasser huet sech seng Weeër iwwer d’Joren an de Stee gegruewen. De Lëtzebuerger giele Sandsteen, deen een am meeschten am Mëllerdall begéint, huet besonnesch gutt Filterwierkungen an anengems kann hien d’Waasser och gutt späicheren.

Kommt mir kucken elo emol wéi dëse Wee vum Waasser weidergeet – et ass den Ufank vum Rosporter Waasser!

Wann d’Waasser elo dann ob eng onduerchlässeg Schicht trëfft (wéi zum Beispill dem Mergel, engem tounartege  Sedimentgesteng), sammelt et sech a plazeweis entsti Quellen. Déi Quellen entstinn ëmmer da wann dës onduerchlässeg Schicht ob d’Uewerfläch kënnt. Dat kann zum Beispill duerch d’Aschneide vum Waasser virkommen. Natierlech dauert dëse Prozess; jee no Gestengsschichte schwätzt een hei vu Joerzéngten. Nëmmen opgrond vun der Geologie sinn d’Gemengen am Natur- & Geopark Mëllerdall drénkwaasserautark. Eng ronn 60 Quellen a Buerungen notzen si fir d’Drénkwaasserversuergung vun hire Bierger.

Een Deel vum Waasser fléisst a méi déif Äerdschichten a wat d’Waasser méi déif andréngt, wat et iergendwann bei ee roude Sandstee gelaangt. Duerch déi geologesch Unuerdnung vun de Gestengsschichten am Ënnergrond läit de roude Sandsteen op enger anerer Plaz un der Iwwerfläch, wou d’Waasser och versickert a gutt gefiltert gëtt. Mee firwat ass deen op eemol rout? Aus dem selwechte Grond, wéi deem wisou eise Minett rout ass: duerch d’Eisen. Dëse Sandsteen ass immens eisenhalteg.

Et ass hei wou et, opmanst wat d’Rosporter Waasser ugeet, immens spannend gëtt, Firwat? Fannt et an der Suite vum Artikel op Rosport Life eraus:

https://rosportlife.com/2020/11/02/spueresich-natur-geopark-mellerdall/