Am lëschte Joer ass vill geschitt a vill hannerfrot gin, wat eis Ëmwelt ugeet. Vun der Tëlee kréie mir ëmmer nees schrecklech Biller vun Ëmweltzerstéierung gewisen: ob Bëscher déi brennen, ganz Inselen aus Plastik oder Bierger vun Dréck, déi a Länner wäit vun eis ewech wuessen. E jonkt Meedchen huet der Welt d'Aen, wéi Gënzescheeken, opgemaach. Mech huet et zu folgender Fro beweegt: Wéi gréng si mir zu Lëtzebuerg?

Beim Thema “Ëmweltschutz” gi mir perséinlech ganz vill verschidde Gedanken duerch de Kapp: Wéi schlëmm ass et? Kann ech, als eenzel Persoun, oder mir als Famill, eppes bewierken?  Wéi kann ech mech behuelen datt et der Ëmwelt besser geet?

D’Betriber ronderëm eis produzéieren, liwweren, verkafen... Wéi nohalteg schaffen si? Ech froe mech ob et kee Wee gëtt fir zesummen, Konsument a Betriber, eppes ze bewierken.

Op dës a vill weider Froen, probéieren ech an den nächste Méint eng Äntwert ze fannen. Haut starten ech meng nei Serie, an där ech op d’Spueresich ginn a verschiddene lëtzebuergeschen Acteuren ob den Zant fillen.

Mäi Startpunkt, passend zu ROSPORT Life, d’Polemik ronderëm d’Plastiksfläschen (PET). De Max Weber, Direkter vu Sources Rosport, huet mech an hire Büroen empfaangen, wou mir iwwert Waasser an Ëmwelt geschwat hunn.

Rosport ass eng Traditiounsfirma hei zu Lëtzebuerg, an obwuel een op hirer Websäit eng Rei Informatioune fënnt, hunn ech awer mat enger Fro zu der Geschicht ugefaangen. Ech wollt wësse, wéi alles viru méi wéi 60 Joer ugefaangen huet.

Direkt bei dësem Punkt ass et ugaange mat spannenden Informatiounen. Sou huet de Max Weber erzielt, datt d’Famill Bofferding (jo, déi vum Béier) sech wollte besser opstellen a si hunn deemools, an de Mëtt 1950er, den enorm bekannten Hydrogeolog, Michel Lucius, gefrot, fir eng gutt spruddeleg Waasserquell ze fannen.

Hien huet sech dunn ob d’Sich gemaach. Et gëtt sech verzielt datt hien zu Rosport an engem Bistro de wichtegen Tipp kritt huet. Déi Al aus dem Duerf hunn dem Wëssenschaftler vun enger ongeheierer Plaz verzielt, wou et direkt bei den Däiwel geet. Do soll d’Waasser spruddelen. Am Wanter géif et net zoufréieren an heiansdo wär Blutt am Waasser. Da wär d'Waasser rout.

Beim Här Lucius huet et direkt Klick gemaach. Eng spruddeleg Quell mat vill Eisen. Wann dat Eisen aus der Quell oxidéiert da gëtt d’Waasser rout.

Kuerz drop gouf déi Quell dann och fonnt. Et huet nach e puer Joer gedauert bis all Autorisatiounen do waren an d’Fabrick gebaut war. Awer dunn ass et lass gaange mat eisem spruddelege Waasser.

Iwwert déi 60 Joer hu Sources Rosport sech ëmmer nees erneiert a verbessert. E koumen emol Produite bäi, da sinn der ewech gefall. Sou wësse wuel déi mannst nach, datt si an de 1960er och Limonad, de Rosor an de Roscit, gemaach hunn.

Haut ass et e Betrib mat 100% Lëtzebuerger Aktionären, dee vill op Ëmwelt an Nohaltegkeet setzt. Iwwer dës béid Themen hu mir am Büro vu Rosport ganz vill geschwat.

De Verantwortleche vu Sources Rosport läit eis Ëmwelt besonnesch um Häerz. Wei ech erkläert krut verzichte si deemno komplett dorop hiert d'Waasser ze exportéieren. Et gëtt ausschliisslech fir de lokale Maart produzéiert wouduerch alleguerten d’Weeër kuerz gehale ginn.

Desweideren, schaffe si just mat lokale Fournisseuren, ma dat heescht net onbedéngt aus Lëtzebuerg. Wann hei am Land kee Fournisseur fonnt gëtt, kucken si den noosten ze fannen. Sou zum Beispill den Zouliwwerer fir Verpakungsfolie, Papier-Mettler aus Morbach, wat net wäit hannert der Grenz ass. Dëst ass zum Beispill och eng Firma déi probéiert esou ëmweltfrëndlech wéi méiglech Filmer hierzestellen. Si verzichten deelweis op Plastik deen aus fossille Ressourcë kennt. Wat et genee mat hirem Produkt op sech huet, ginn ech mir an den nächste Méint genee ukucken.

Och bei de Fläsche passt Sources Rosport enorm op den Impakt op d’Natur op. Esou probéiere si esouvill wéi méiglech an engem zouene Kreeslaf ze schaffen. Bei de Glasfläsche kenne mir de Prinzip scho laang. An och do huet den Här Max Weber mech iwwerrascht. An dat a méi Hisiichten:

  • Och PET-Fläsche sinn an engem Circuit. An engem ganz klenge Circuit.
  • Hiert Glas ass net wäit ënnerwee, vum Client zréck bei Rouspert.
  • Sources Rosport kann de Moment net präzis soe wat eis Ëmwelt manner belaascht: Glas oder PET.

Mä elo mol der Rei no! Fänke mir mam Glas un:

D’Glasfäsche vun de Sources Rosport brauche wéi all Fläsch, vill Energie bei der Produktioun. Dat ass emol schonn doduerch datt ganz héich Temperature gebraucht gi, fir Glas hierzestellen.  Den Avantage géigeniwwer der PET Fläsch: eng Glasfläsch kann 30-40 mol erëm benotzt ginn. Wéi dat ofleeft, hat ech gemengt ze wëssen. Awer dat funktionéiert net genee esou wéi ech mir dat virgestallt hunn. Mir ginn d‘Fläsch am Buttek zeréck a mir kréien dofir e puer Su erëm. Da geet déi Fläsch bei, an eisem Fall, Rosport zeréck, a si wäsche se a fëllen se. Dat ass jo einfach. A bei deene kuerze Weeër (Rappel: Rosport exportéiert net) ass dëst och net enorm belaaschtend fir eis Ëmwelt.

Elo maacht emol dat selwecht Gedankenexperiment mat engem Waasser aus dem Ausland... Do kommen direkt e puer honnert, wann net iwwert dausend Kilometer dobäi. An déi Fläsche ginn oft dann nach an engem Zentrallager gesammelt, ier se nees zeréckgeschéckt ginn. Soe mir emol, déi Fläsch gëtt eng 500 Kilometer vun hei gefëllt a gëtt bei Bréissel gesammelt, da fiert eleng déi Fläsch an hirem Fläscheliewen (40x (Liewenzyklus) 2x (Aller, Retour), 500 km + 200 km) ëm 50.000km.

Wéi gesäit et dann elo bei der PET Fläsch aus? Liest de Recht vum Artikel op https://rosportlife.com/2020/06/05/op-de-spuren/