Hi, my name is Stéphanie. I'm Luxembourgish, in my late twenties, and a passionate artist. I paint and draw since what feels like forever. Though I do occasionally crack open a tube of acrylic paint, my favourite traditional mediums are a watercolour and alcohol markers. I also do lots of digital pieces. My motifs include all possible things, such as food, plants, characters, and animals, whereas my art style depends much on the subject and reaches from cartoony to semi-realism.

Klickt hei, fir op  dem Stéphanie säi Blog ze goen.


Moien an e wonnerbaren Dag jidderengem deen dat hei grad liest.

Éier mer eis ëmsinn hunn, stoung den Oktober virun der Dier, ee Mount an deem net nëmme Pappendag, mee och Halloween um Programm steet.

Okay, jo, gëtt elo hei net esou grouss gefeiert, an dëst Joer jo wuel souwisou net, mee dat heescht net datt een net trotzdeem e bësse Spaass mat grujeleger Deko kann hunn, oder engem Horrorfilm a Wirschtercher déi ausgesinn ewéi bluddeg Fanger.

D’läscht Joer hate mer a mengem alleréischte Rosportlife Artikel eng Uleedung wéi een e Gespenst ka molen. Dëst Joer maache mer dat an der 2.0 Versioun: am 3D. 👻

Wéi soll dat goen? Ma u sech ganz einfach.
Mir brauchen eng Fläsch, e Stéck Stoff dat grouss genuch ass vir déi ganz Fläsch ze bedecken an nach e bësse flaach um Buedem ze leien, zwee Grillspiisser (Iesstäbecher oder Änleches ginn och), e Pinsel, e Ball oder Loftballon a Textilverhärter.

D’Magie vun dem ganze läit u sech ganz an dem Produit. Wann en ausgehäert ass, suergt en nämlech dofir datt eist Stéck Stoff jee no Quantitéit bis steenhaart gëtt, a seng Form behält. Wéi vill der dovu braucht kennt net nëmmen drop u wéi grouss äert Gespenst soll ginn, mee och wéi deck äre Stoff ass. En decke Vlies ewéi mäin hei saugt natierlech vill méi op wéi en dënne Kotteng. Wann der eppes ganz Dënnes, praktesch Transparentes fannt, zaubert der direkt nach e flotten Effekt mat an äre Projet, wëll den Textilverhärter dréchent och duerchsichteg.

Fänke mer also un.

  1. Als éischt schneide mer eis Fläsch op déi richteg Gréisst. Och vir et ze vereinfachen de Ball uewen dru fest ze maachen, hunn ech den Hals erof geschnidden.

  2. Da maache mer zwee kleng Lächer mat engem Cutter, enger Scheier oder engem spatze Knäipchen. Eent op all Säit. Dodra stieche mer dann eis Spiisser, oder Stäbecher, déi mer awer och ënner Ëmstänn e bësse musse kierzen.

  3. Dann huele mer eise Ball (Gréisst hänkt vum Duerchmiesser vun der Fläsch of) oder Loftballon (dee mer entspriechend grouss opblosen) a befestegen en un der Fläsch. Ech hu mat e bësse Scotch nogehollef nodeems ech gemierkt hunn datt ech dat esou net ganz an d’Fläsch gestëppelt kréich. Wann dier och e Ball oder der gläiche benotzt, wéckelt en am beschten an e Stéck Plastiksfilm, oder esou e Silikondeckel vir sécher ze goen datt de Stoff gutt dervun erofgeet wann e gedréchent ass. Beim Loftballon sollt dat kee Problem sinn, mee wann der op Nummer sécher wëllt goen, virun allem wann der en duerchsiichtegen Textil huelt, kenn der e mat e bëssen Ueleg oder Vaselinne areiwen.
  4. Ech hunn du gemierkt datt mäi Stoff ze laang ass, a léiwer ewéi e Stéck erof ze schneiden dat da potenzielle ze kuerz ass vir nach eppes Richteges dermat unzefänken, hunn ech meng Fläsch op en anere Behälter drop gestallt.Dëse Behälter sollt de selwechten Duerchmiesser hu wéi är Fläsch, a virun allem sollt déi, oder Béides, net iwwer den Diameter vum Ball erausgoen, vir ze verhënneren datt de Stoff dodru peche bleift.

Fannt eraus wéi et mat der Basteluleedung weidergeet! Rendez-Vous um Rosport Life