RTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Jean Bour

© Patrick Greis
De fréiere Procureur vun Dikrech verréit firwat hien déi Richtung ageschloen huet an net Reporter ginn ass.
Am 'Café des artistes' am Gronn zielt hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten iwwer déi wëll Zäit als Massendénger, seng Stagë beim Papp als Schneider, déi schéi Joren op der Uni an eng Autopsie just virum Begriefnis. Am Gespréich geet et awer och ëm d'Rechtsmedezin vu fréier, seng Ausenanersetzungen mam Maître Vogel, eng witzeg Renconter mam Grand-Duc, seng Karriär als Acteur an hien séngt d'Lidd vum Hexemeeschter.
Um Piano: De Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.
Wann der am "Café des artistes" wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.