RTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Marc Angel

Den Europadeputéierten a fréiere Vize-President vum Europaparlament Marc Angel ass keen onbeschriwwent Blat.
De fréieren Deputéierte vun de Sozialiste verzielt, dass säin éischt Wuert als Kand "Zoossiss" war. Hie verréit dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten, dass säin Austauschjoer an Amerika hie markéiert huet a beschreift säi Coming-out bei sengem Papp. Mir gi gewuer, dass hie beim Luc Frieden an der Klass war, héiere wéini et wichteg ass, zu Stroossbuerg an de Reuniounen ze sinn a beschreift, wéi en eng Kéier plakeg um Gank vun engem Hotel stoung.
Um Piano: De Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.
Wann der am "Café des artistes" wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.