RTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Jean-Paul Maes

© RTL
De Jean-Paul Maes ass Acteur, Auteur a Regisseur.
Hien ass meeschtens op déi Rolle vun de Béisen an Ellenen abonéiert, a spillt och alt emol e Kannermäerder oder een ouni Kapp.
Am 'Café des artistes' am Gronn verréit hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten, dass hie scho mat aacht Joer Theaterstécker geschriwwen an niewelaanscht och Fussball gespillt huet. Eng ausgerenkte Schëller oder dass ee säi giele Kalzong bei enger Virstellung gesäit, hëlt hien a Kaf, fir d'Leit z'ënnerhalen. Seng Léift zum Gong a wéi säi Schoulkolleeg Nicolas Schmit et bei d'LSAP bruecht huet, gëtt een niewebäi och gewuer.
Piano: Marc Schmidt.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.
Wann der am "Café des artistes" wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.