Als fréieren Inneminister an aktuelle Buergermeeschter vu Péiteng kennt de Jean-Marie Halsdorf déi lokal an national Politik.

De geléierten Apdikter weess, wéi ee Crèmë fir d'Clientë preparéiert an ass domadder och de gebuerene Kach, dee keng Zooss ratéiert. Am "Café des artistes" zielt hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten iwwer seng Zäit an der Bullett a firwat se hie "klenge Potto" an "Hoover2 genannt hunn. Mir gi gewuer, wéi hien an d'Politik gerëtscht ass a wéi hien als Minister d'Éislek entdeckt huet. Hie schwätzt iwwer säi schwéiere Schiaccident a firwat hien am Futtball gläichzäiteg d'Daume fir Gladbach a Bayern hält.

Wann der am "Café des artistes" wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.