Aacht Joer war d'Claudia Monti Ombudsman - e Mandat, dat Enn Abrëll ausgelaf ass.

Am "Café des artistes" am Gronn ginn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten gewuer, dass si e Megafan vu Fantasyromaner ass.

Si mécht keen Heel draus, eng Nuetseil ze sinn a gären ze feieren, an huet och näischt géint e gudde Burger, awer ouni Zalot.

Als Beruffswonsch goung et vun "Operesängerin" iwwer "Indiana Jones" bis "Mieresbiologin", ier et um Enn d'Robe vum Affekot gouf. Si erënnert sech bis haut un hiren éischte Mäerder, dee si awer enttäuscht huet. Et geet awer och ëm e Stalker, schwiereg Dossiere mat Tréinen als Ombudsman, an déi léif Kippercher. Um Piano: de Marc Schmidt.

Wann der am "Café des artistes" wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert "Afterwork"+ Ären Numm.

En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.