Déi éischt Preparatioune fir d'Saison
Am Mäerz spiert ee schonn esou lues d’Fréijoer an et zitt een eraus an de Gaart. Do kann een de Kompost alt schonn an de Buedem bréngen mä och éischt Muerten séien.
Déi kritt een awer och nach als Lagerwuer ze kafen. Am beschten halen se sech op enger killer Plaz am Sand, sou hunn eis Grousselteren et jiddefalls gemaach. D’Muerten einfach an enger Këscht oder an engem Eemer ganz a Sand abetten. De Sand soll liicht fiicht, awer op kee Fall naass sinn, dann halen se sech e puer Wochen.
Frësches gëtt et am Mäerz awer och nach direkt aus dem Buedem: verschidde Kabeszorten, Porretten a Mauséiercherszalot
Wousst Dir, datt et keng aner Zort Zalot gëtt, déi esou vill Vitaminn C huet wéi d’Mauséierches?
Mauséiercherszalot schmaacht iwweregens am allerbeschte mat Nossueleg; däers gëtt jo och hei zu Lëtzebuerg hiergestallt.
Méi zu allem, wat et am Mäerz gëtt, op www.regionalsaisonal.lu