Déi lescht Grompere missten elo aus dem Buedem sinn. Op am Waasser gekacht, am Uewe gebak, gebootscht, als Fritten, Gratin oder Gnocchi – et gëtt vill Manéieren, fir se zouzebereeden. Virun allem awer zielt d’Gromper nieft der Mëllech zu de Standbeen vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft.

Saisonskalenner Oktober

Si gëtt, jee no Zort, vu Juli bis Oktober geraf, mä mir kënnen se d’ganzt Joer iwwer iessen, well se sech gutt lagere léisst. Do gëtt et ee ganz einfachen Trick, fir ze verhënneren, datt se kéngen: Si sollen däischter, kill an dréche leien. Ausserdeem soll een och en Apel dobäileeën, dee produzéiert nämlech Ethyleen, e Gas, deen dofir suergt, datt d’Grompere frësch a fest bleiwen.

RTL

Gromperen an hir Nimm...

Ass Iech schonn opgefall, datt d’Grompere meeschtens Meederchersnimm hunn: Charlotte, Desirée, Nicola, Victoria ... Firwat dat esou ass, weess keen esou richteg. Déi eng soen, et wier, well d’Gromper weiblech ass, déi aner soen, an dat ass déi méi flott Geschicht, datt de Bauer fréier all Kéier, wann en eng nei Zort geplanzt huet, se no senger schéinster Duechter benannt huet.
Egal wéi: Loosst Iech se schmaachen!

Am Oktober leien d’Rayonen nach voll mat frëscher Wuer, dofir gitt op www.regionalsaisonal.lu