Ob Uebst oder Geméis, am August gëtt et bal alles. Den August ass souzesoen den Heemount, wat d’Rekolt ugeet, dofir maacht och AntiGaspi a vergiesst net, Ären Noper ze froen, fir no Ärem Gaart ze kucken, wann Dir an d’Vakanz fuert. Et wier ze schued, fir déi Vilfalt einfach verdierwen ze loossen.

Saisonskalenner August

A fir déi, déi net an d’Vakanz fueren, steet engem flotten Owend am Gaart näischt méi am Wee, schliisslech ass jo Grillsaison. An do ass aus der Lëtzebuerger Landwirtschaft fir all Goût eppes dobäi. D’Kiischt um Kuch wäert den Dessert sinn.

Firwat net einfach emol eng ganz lokal Taart bake mat nëmme Lëtzebuerger Produkter: Miel, Botter, Eeër, Äppel, Bieren, Prommen, Quetschen, Mirabellen, Kiischten ... A fir déi ganz Séiss natierlech mat Schlagsan oder enger Bull Glace, z. B. aus Schofsmëllech. Och dat gëtt et hei zu Lëtzebuerg!

RTL

Méi zu allem, wat et am August gëtt, op www.regionalsaisonal.lu