Och am Dezember gëtt et nach Frësches aus dem Gaart, z. B. Porretten, Brockelcher, Kabes. 
En anert typescht Wantergeméis sinn d’Andéiwen, dat well se guer keng Sonn verdroen. Wann Dir ganz sécher wëllt sinn, datt se och ganz frësch sinn, da reift se laanschteneen. Wa se da quiitschen, da si se wierklech just aus dem Buedem.

Am Wanter gëtt et awer och vill Lagerwuer wéi Muerten, Gromperen, Knuewelek an Zwiwwelen. Wousst Der schonn, datt déi sech am beschten halen, wann een se an engem Nylonscollant lagert? Et muss ee just tëscht all Ënn e Knuet maachen an dann halen se sech bis zu aacht Méint.

Denkt "Lokal" fir d'Feierdeeg

An denkt drun, wann Dir en Teller fir Niklosdag maacht: Et mussen net ëmmer Mandarinnen drop sinn. Nëss, Bieren an Äppel aus regionalem Ubau sinn eng Alternativ. An iwwerleet Iech och emol e lokale Chrëschtmenü. D’Palett vun de Mëllech‑, Fleesch-, Nuddel-, Bak- oder Geméis- an Uebstwueren ass vill méi grouss, wéi Dir mengt. An deem Sënn: Loosst Iech verwinnen, déi Lëtzebuerger Landwirtschaft bitt eppes fir all Goût!

Rezept-Iddien a villes méi fannt Dir op www.regionalsaisonal.lu