Am Mee fänkt d’Zalotesaison un an et gëtt eng Hellewull verschidden Zorten ze kafen. Beim Uebst ass d’Äerdbier geschwënn zeideg. Et bleift Ärer Fantasie iwwerlooss, wéi Dir se am léifsten iesst!

De „regionale Star“ am Mee sinn awer ouni Zweiwel d’Spargelen. Ob gréng oder wäiss, si schmaachen all gutt. Déi gréng sinn e bësse méi gehäerzt, déi wäiss hunn dogéint méi Vitaminnen.

Saisonskalenner Mee
RTL

Nach eppes wat wichteg ass...

Fir datt d’Spargele méiglechst laang frësch bleiwen, soll een se an e fiicht Duch awéckelen an an de Frigo leeën. Do halen se sech bis zu véier Deeg. Dono sollt een se dann awer iessen, am beschte mat eng gudder Lëtzebuerger Ham dobäi.

A jo, passt op déi Äishelleg vum 11. bis de 15. Mee op! Jonkt Geméis ass guer net frou mam Frascht!

Méi zu allem, wat et am Mee gëtt, op www.regionalsaisonal.lu