Klimabedingt hu mir an den nächste Méint dee gréisste Choix u frëschem Uebst a Geméis, sief et Bounen, Ierbessen, Brokkoli, Auberginnen oder och nach Courgetten. Déi ginn iwweregens och „kleng Kürbisse“ genannt, well se zur selwechter Famill gehéieren.

Saisonskalenner Juli

Nieft Zaloten, déi een elo schonn eng zweete Kéier ka setzen, hunn d’Kornischongen, de Fenchel an awer och d’Poivronen am Juli Saison. Entgéint deem, wat ee kéint mengen, sinn déi gréng, giel a rout keng verschidden Zorten: Déi gréng si just manner zeideg wie déi giel oder déi orange. An déi rout Paprikae si richteg gutt zeideg.

Iwwerhaapt läit Rout am Juli ganz am Trend, mat frëschen Tomaten, roudem Kabes, roude Kréischelen, Hammbier an natierlech Kiischten

Trick: Ganz einfach d'Käre vun de Kiischten eraushuelen!

Et leet een d’Kiischt uewen op eng propper Glasfläsch, wou natierlech kee Stopp méi drop ass, an da pickt ee mat engem Stäbchen oder Schallimo einfach doduerch. Dir wäert gesinn, de Kär fält an d’Fläsch eran, d’Kiischt bleift ganz an dat alles ouni vill Gesprutz a Gesabbels.

Méi zu allem, wat et am Juli gëtt, op www.regionalsaisonal.lu