De Juni ass dee Mount, wou mir emol sou lues nees Wiel hu beim frëschen Uebst, z. B. Kiischten, Äerdbier an Hammbier. 
Wousst Dir, datt d’Hammbier als Kinnigin vun de Biere respektiv als lokaalt Superfood gëllt, dat well se immens vill Vitaminnen, Mineralstoffer a Spuerenelementer enthält?

Saisonskalenner Juni

De Juni ass awer och d’Saison vum Rubbarb. An à propos: 
Rubbarb ass guer keen Uebst, aus botanescher Siicht ass Rubbarb e Staangegeméis, well mir jo d’Staange vum Rubbarb iessen.

Sou vill zur Theorie, an der Praxis iesse mir Rubbarb awer seele mat Salz. Mir kennen en éischter an enger séisser Variant. Dofir fënnt een en am Supermarché jo och am Uebstrayon.

Eng Bauerereegle seet...

Datt ee kee Rubbarb nom 24. Juni méi soll iessen. Well wat een es méi spéit ësst, wat méi Oxalsaier dran ass, déi a ganz grousse Quantitéite gëfteg ass. Just datt mir es am Liewen ni esou vill géife packen. 
Fakt ass awer, datt d’Gäertner de Rubbarb nom 24. Juni net méi plécken. Si loossen der Planz esou genuch Regeneratiounszäit, fir datt mir d’Joer drop nees genuch däers Dessertsgeméis kënne kréien.

Méi zu allem, wat et am Abrëll gëtt, op www.regional-saisonal.lu