Am September gëtt et nach ëmmer eng immens grouss Varietéit vu frësche Produkter, mä d’Hierschtsaison gëtt lues, awer sécher agelaut.

Saisonskalenner September

D’Drauwelies fänkt un, haaptsächlech gëtt aus de Friichten natierlech Wäin gemaach. Neierdéngs ginn awer och Iessdrauwen op der Musel ugeplanzt. Drauwe passe jo och exzellent bei e Kéisteller. An och hei gëtt d’Palett vun de verschiddene Lëtzebuerger Kéiszorten, ob mat Kou- oder Geessemëllech, ëmmer méi grouss!

Superfood!

September ass awer och Kalbassenzäit. Do gëtt et klenger, grousser, ronner, krommer, gieler, oranger, rouder a souguer schwaarzer, eleng zu Lëtzebuerg ginn iwwer drësseg Zorten ugeplanzt.

Kalbasse kann een och gutt lageren; an engem killen, dréchenen an däischtere Raum halen se sech bis zu dräi Méint.  
Déi bekanntste Rezepter sinn natierlech Kürbiszopp oder Püree, mä d’Kürbiskäre sinn och net ze ënnerschätzen. Si ginn dacks als Deko geholl, fir d’Platen ze verschéineren, mä si zielen och zum sougenannte Superfood ... a sinn deemno ganz gesond.

Méi zu allem, wat et am September gëtt, op www.regionalsaisonal.lu