Am Laf vun dësem Mount gëtt et déi éischt Spargelen aus regionalem Ubau ze kafen. Et kritt een awer och Spinat, Kolrawen, Fréijoerszwiwwelen a Réidercher. Déi halen iwweregens besser, wann een dat Gréngt ofschneit an de Rescht an d’Waasser leet, da bleiwen se méi laang frësch a knackeg.

Bei de Kolrawe sollt ee wëssen, datt d’Blieder vill méi gesond sinn a vill méi Vitaminnen hu wéi d’Knoll selwer. Déi frësch Blieder kann een z. B. mat an d’Geméiszopp oder souguer mat an d’Zalot schneiden. .

Saisonskalenner Abrëll

A wann Der fir Ouschteren nach keng Eeër gefierft hutt, dann denkt drun, Lëtzebuerger Eeër ze kafen an se mat Zwiwwelschuelen ze fierwen, déi an Essegwaasser opgekacht goufen. 

Dat ass net nëmmen ökologesch, mä do kënnen och nach richteg Konschtwierker entstoen … Zwiwwele fënnt een als Lagerwuer och am Abrëll nach aus regionalem Ubau.

E klengen Tipp: Am Abrëll wiisst och nees frësche Rubbarb am Gaart. Beim Plécke soll een drop oppassen, datt d’Rubbarbsstaange glat sinn, well wann se nach e bësse geradderegt sinn, da si se nach net zeideg.

Méi zu allem, wat et am Abrëll gëtt, op www.regional-saisonal.lu