Och am Januar brauch een net op frëscht Geméis ze verzichten, well d’Recolte vun de Brockelcher geet bis iwwert de Februar eraus. Dëst Wantergeméis schmaacht am beschten, wann et kalen Temperaturen a souguer Frascht ausgesat war. Déi kleng gréng Réisercher hu vill Vitaminnen a Mineralie – grad wat ee brauch, fir gesond duerch de Wanter ze kommen.

Nieft de Brockelcher gëtt et als Frëschwuer nach Andéiwen, Mauséiercherszalot, Kabes, Porretten an Topinambur – méi wéi ee mengt!

Zu der Lagerwuer zielen am Januar d’Schwaarzwuerzelen. Ee Geméis wat net no vill ausgesäit, wat et awer a sech huet, nämlech vill Kalzium a Phosphor an ee Ballaststoff, dee wonnerbar fir d’Verdauung ass.

RTL

Méi zu allem, wat et am Januar gëtt fannt Dir op www.regionalsaisonal.lu