Trotz de kalen Temperature gëtt et och am Februar Frësches vun eise Produzente fir Vitaminnen ze tanken, wéi zum Beispill Kabes, Andéiwen, Poretten a Mauséiercherszalot.

Donieft kann een och op Lagerwuer zeréckgräifen. Uebstfrënn fannen am Februar regional Äppel, Hiesel an Hackernëss. An och Geméis ass nach genuch op Lager . Nieft Gromperen, Zwiwwelen a Kalbasse fënnt ee virun allem Wuerzelgeméis.

Wousst Dir datt ee Muerten am Beschte soll kleng schneiden a mat enger Portioun Fett  iessen, fir datt de Beta-Karoten vum Kierper absorbéiert gëtt?

Méi zu allem, wat et am Januar gëtt fannt Dir op www.regionalsaisonal.lu