Nach bëssen onschaarf: De Weltraumteleskop huet lo eng Foto vu sengen 18 Spigelen un d'Äerd gefunkt. E wichtege Schrëtt fir d'Astellunge vun der Anlag.

Dat éischt Bild vun der aktueller Plaz vum Weltraumteleskop "James Webb" an den Déifte vum Weltall war e Freideg bei der Nasa ukomm. Et ass eng Foto vum Stär HD 84406 aus dem Stärebild "Grousse Bier", op deem e schwaarzen Hannergrond z'erkennen ass, virun deem 18 verschwomme Liichtpunkte sinn. Dës weisen all dee selwechte Stär, deen duerch déi 18 Segmenter vum Haaptspigel reflektéiert gëtt. Déi éischt Foto ass also eng Aart "Selfie", wéi d'Nasa op Twitter schreift.

Mat der Hëllef vum Bild kéint een de Spigel elo nach besser orientéieren. Viraussiichtlech soll den Teleskop am Juni asazbereet sinn. Bis dohi mussen der Nasa no nach d'Instrumenter gekillt a kalibréiert an d'Spigele genee ajustéiert ginn. Dat ganzt Team vum "James Webb" wier awer begeeschtert, wéi gutt déi éischt Schrëtt vun der Opnam an dem Ausriichte vum Teleskop géinge klappen.

Den Teleskop soll d'Zäit vum Universum virun 13 Milliarde Joren an domat nëmmen e puer honnert Millioune Joren nom Urknall erfuerschen. Dovu versprieche sech Astronome Réckschlëss op d'Bildung vun den éischte Stären a Galaxien.

De bis ewell leeschtungsstäerksten Teleskop iwwertrëfft säi Virgänger den "Hubble" bei Wäitem u Gréisst a Komplexitéit. D'Anlag ka méi wäit an den All kucken an domat och méi wäit an der Vergaangenheet zréck. Dobäi konzentréiert sech den "James Webb" op Infrarout-Stralung.