A senger Carte Blanche geet de Marc Schiltz, Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche, op Fake News a pseudowëssenschaftlech Posts an: Wéi se d’Wëssenschaft betreffen an wat d’Wëssenschaft ka maachen, fir sech dogéint ze wieren.

D’Nouvellen zur Coronavirus-Epidemie halen eis mëttlerweil all Dag an Otem. Zënter enger Zéit verbreet sech an de sozialen Netzwierker eng Thees, dass déi Epidemie net, wéi ugeholl, op engem Maart an der chinesescher Stad Wuhan ugefaangen huet, mä an engem Fuerschungslabo, wou Wëssenschaftler mat Viren experimentéiert hätten, an eppes schif gelaf wier. Obwuel et keng Grondlag fir déi Thees gëtt, verbreet se sech awer haartnäckeg, esou wéi de Coronavirus selwer.

Den Internet an déi sozial Netzwierker stellen en neien a schwieregen Defi fir mat Informatioun ëmzegoen. Wëssenschaftlech Etüden hu gewisen, dass falsch Informatioune sech an de sozialen Netzwierker bis zu 10 Mol méi schnell verbreeden, wéi richteg Informatiounen, an an der Reegel och vill méi Notzer erreechen.

Da gëtt et de Phänomen vun de «Social Bots»: Dat si Softwareroboter, déi op de sozialen Netzwierker agesat ginn, fir geziilt Noriichten ze verbreeden, esou wéi wa se vun mënschleche Notzer keimen. Eng rezent Etüd huet ervirbruecht, dass ee Véierel vun den Tweets zum Klimawandel vun däraartege Robotere verschéckt ginn, woubäi dovunner de gréissten Deel wëssenschaftlech net fundéiert ass.

En anert Beispill: An der Hallschent vun den Artikelen iwwert Kriibs, déi 2016 am meeschten iwwer Facebook gedeelt goufen, stounge Behaaptungen dran, déi wëssenschaftlech a medezinesch zweiwelhaft sinn. A bei sou Theme geet et ëm eis Gesondheet, heiansdo ëm Liewen an Dout.

D’Wëssenschaft deet sech schwéier mat Fake News. Wëll se dacks ganz kuerz a prägnant sinn. Wëssenschaftlech a medezinesch Sachverhalter si par contre dacks komplex. Et ass da schwiereg, fir Onwourechten an engem kuerze prägnante Saz richteg ze stellen. An awer muss d’Wëssenschaft versichen, mat deene selwechte Mëttelen zréckzeschloen, wéi z.B. d’WHO dat versicht mat der Coronavirus-Epidemie.

Eng Pist ass, fir selwer aktiv no Fake News an Onwourechten ze sichen, an da séier ze reagéieren, kuerz a knackeg. Eng aner Piste ass, fir selwer méi Visibilitéit ze kréien, sief et andeems d’Wëssenschaft mat Influencer zesummeschafft, Wëssenschaftsjournalisten ënnerstëtzt oder awer Wëssenschaftler selwer méi kommunizéieren. Oder d’Wëssenschaft kreéiert selwer gréisser Plattforme mat méi grousser Visibilitéit, wéi dat zum Beispill zu Lëtzebuerg mat science.lu de Fall ass.

Wéi ee gesäit: eng grouss Erausfuerderung, fir dass mer Fake News a Pseudowëssenschaften andämme kënnen, sou wéi hoffentlech och de Corona-Virus.

Carte Blanche vum Marc Schiltz