Mir brauchen eng gemeinsam europäesch Immigratiounspolitik

Flüchtlinge kommen ewell Schutz bei eis sichen, Migranten, fir sech duerch eng Aarbecht eng besser Zukunft bei eis opzebauen. Leider maachen eis Medien ewéi och eis Politiker keen Ënnerscheed, wann si vu Flüchtlingen oder Migrante schwätzen, obwuel d’Auswanderungsursache mat ganz ënnerschiddleche Rechter verbonne sinn.
Flücht ee, well een ëm säi Liewen a sengem Heemechtsland fäert, da gëllt d'Genfer Konventioun an et kritt een de Flüchtlingsstatut. Den unerkannte Flüchtling kritt e sécheren Openthalt an dem Land, wou hie Schutz gesicht huet an hien kritt eng Hëllef, fir sech a seng Famill nidderzeloossen.
E Migrant, deen awandere wëll, fir sech a senger Famill eng besser Zukunft opzebauen, fält ënnert d'Awanderungsgesetz.
Well d'Europäesch Unioun keng eenheetlech Immigratiounspolitik huet, stellt all Land seng eege Reegelen op. Zu Lëtzebuerg muss an der Reegel de Migrant aus engem Net-EU-Land seng Demande fir Anzewandere vun sengem Heemechtsland ausmaachen, soss gëtt dës refüséiert. Hie muss e Patron fannen, deen d'Erlabnis kritt, en Net-EU-Bierger anzestellen. De Patron selwer muss dofir vill Asaz a Gedold opbréngen a kann ni sécher sinn, datt hie fir dësen Aarbechtsmigrant och eng Openthaltserlabnis kritt.
A well mir an Europa keng eenheetlech Immigratiounspolitik hunn , ass et schwéier anzewanderen. Et besti verschiddenaarteg Bedingungen, déi an de leschte Jore verschäerft goufen an zu enger richteger Ofschottung gefouert hunn.
Vill Länner goufen duerch ekonomesch Liberaliséierung oder klimapolitesch Ëmstänn an d'Aarmut gedriwwen. Do muss ee sech net wonneren, datt Mënsche sech op d'Sich no enger besserer Zukunft hei bei eis maachen. Well fir dës Leit awer praktesch keng Awanderungsméiglechkeete an Europa bestinn, drécke mer si an hirer Verzweiwlung an d'Hänn vu skrupellose Mënschenhändler a liwwere se der Ausbeutung aus. Do trëppelt d'europäesch Politik hir eege Wäerter mat Féiss.
D'Unioun huet also net nëmmen an der Flüchtlingspolitik versot, mä si erméiglecht duerch hir konzeptlos an onkoordinéiert Awanderungspolitik och nach, datt d'Immigratiounsweeër fir an Europa vu Kriminelle kontrolléiert ginn.
Europa vereelzt, et ass gewosst, datt mir Migrante brauchen, fir eise Wuelstand z'erhalen. Um Bau zum Beispill gëtt et ëmmer méi schwéier, genuch Aarbechter innerhalb vun der EU ze fannen.
Et ass also héich Zäit, eng koordinéiert an eenheetlech europäesch Immigratiounspolitik ze definéieren. E Beräich, an deem Lëtzebuerg Virreider kéint sinn, well keen anert Land bis elo méi vun der Immigratioun profitéiert huet.