D'Coronakris huet e kolossalen Impakt op d'Weltwirtschaft, wéi mir et och hei zu Lëtzebuerg erliewen. Elo ass et awer esou, datt d'Länner aus der drëtter Welt vill méi schlëmm getraff si wat katastrophal Konsequenzen op déi Äermst vun der Äermsten an deene Länner huet. Mir dierfen net ewechkucken an alles op d'Been setzen, fir deene Länner ze hëllefen oder op d‘mannst fir hinnen net nach méi ze schueden.

Déi lescht Joren hu sech vill Länner aus der drëtter Welt wirtschaftlech ganz gutt entwéckelt. Si hunn ëmmer méi internationalen Handel gemaach a besonnesch hu se vill Rohstoffer op de Weltmäert verkaf. Dann ass och eng grouss Entwécklungshëllef geleescht ginn. Hei wëll ech besonnesch déi groussaarteg Aarbecht vun eise Lëtzebuerger Acteuren ënnersträichen, déi, mat wéinege Mëttelen a mat ganz vill Engagement, Grousses an deene Länner geleescht hunn. Et huet eng berechtegt Hoffnung bestanen, datt déi Differenz tëschent dem Liewensniveau an den 2 Géigende sech géif weesentlech verklengeren.

Duerch d’Coronakris ass elo deen Trend abrupt komplett gebrach ginn.

Carte Blanche vum Michel Maquil

Esou ass den Handel vun den Entwécklungslänner mat eise Länner staark zréckgaangen an derbäi kënnt dann och, datt d’Präisser vun enger Rei vu Rohstoffer agebrach sinn. Den Tourismus a  Richtung vun deene Länner besteet praktesch net méi.

Vill Leit an den Entwécklungslänner stinn elo ouni Akommes do.

Derbäi kënnt, datt eng Rei westlech Länner drun denken, hir Entwécklungshëllef un d’Rezessioun unzepassen, wat d’Lag an deene betraffene Länner nach weider verschlëmmert.

D’Weltbank schätzt, datt fir d’éischt zënter 60 Joer de wirtschaftleche Wuesstem an den Entwécklungslänner zréckgoe wäert an dat an engem Ëmfeld, wou den Impakt vun der Finanzkris vun 2008 nach net ganz opgeschafft ginn ass.

Mir mussen dervun ausgoen, datt an de nächste Jore wéineg an d’Entwécklungslänner investéiert gëtt. Eng Rei Betriber an eise Länner denken esou guer doriwwer no, fir Produktiounen zréckzebréngen, déi se a fréieren Zäiten an Entwécklungslänner verlagert haten.

Gläichzäiteg ginn an eise Länner Billiounen Euro mobiliséiert, fir d’Wirtschaft erëm unzekuerbelen, iwwerdeems  d’Entwécklungslänner mol net e Brochdeel vun esou Zommen hunn, fir eppes Änleches bei sech ze maachen.

An hirer Geschicht sinn d’Entwécklungslänner nach ni esou abrupt an esou staark vun enger Kris getraff ginn. Experten vun der Weltbank ginn dervun aus, datt eng 60 Millioune Leit erëm an een extremen Aarmut gedrängt ginn a virun allem, datt eng weider 250 Millioune Mënsche riskéieren, erëm Honger ze leiden. Dat si méi wéi 3% vun den Awunner vun der Welt. Dat si katastrophal Zoustänn. Dobäi hat d’Weltgemeinschaft sech d’Zil gesat, bis 2030 den Honger verschwannen ze dinn.

An der Coronakris kuckt all Land fir d’éischt no sech. Mir dierfen awer net ewechkucken, wat an den Entwécklungslänner geschitt, déi onméiglech eleng déi Kriss kënne meeschteren. Mir mussen alles a Beweegung setzen, fir deene Länner weider ze hëllefen.

Michel Maquil

Fräie Wirtschaftsberoder

Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse