A sénger Carte Blanche geet de Marc Schiltz op den Nobelpräis fir Klimamodellisatiounen an. Des Honoratioun weist, dass dat weltwäit Spëtzefuerschung ass, an an der Wëssenschaftscommunautéit unerkannt ass. An dass et elo net méi un der Zäit ass, de mënschgemaachte Klimawandel nach weider unzezweiwelen.

Eng Carte Blanche vum Marc Schiltz

D’Mechanismen hannert der Äerderwiermung si schonns zanter laangem bekannt. Éischt wëssenschaftlech Etüden hu schonns virun iwwert 100 Joer den Zäreneffekt vum CO2 nogewisen, an dass eng Erhéijung vun der Quantitéit vun CO2 an der Atmosphär zu méi héijen Temperature féiert. Zënterhier sinn dat fest etabléiert wëssenschaftlech Resultater.

Méi komplizéiert wor et fir ze weisen, wat den Impakt vun der mënschlecher Aktivitéit, notamment der Verbrennung vu fossille Rohstoffer, op de Klima ass. An hei muss een tëscht Wieder a Klima ënnerscheeden. D’Wieder ass iwwerall anescht, ännert sech stänneg a kann nëmme kuerzfristeg virausgesot ginn – et ass e sougenannten chaoteschen a klompexe System; Klima dogéint ass eng global a laangfristeg Tendez. Den Nobelpräis an der Physik, deen d'lescht Woch annoncéiert gouf, geet u Wëssenschaftler, déi Modeller entwéckelt hunn, fir fiabel laangfristeg Entwécklunge vun esou komplexe Systemer ze berechnen.

D'Nobelpräisträger hunn domadder de Grondsteen fir eist Wëssen iwwert d’Klima an de mënschlechen Afloss dorobber geluecht. Déi Modeller sinn zanterhier vun honnerte vu Fuerscher op der ganzer Welt weiderentwéckelt ginn.

Dësen Nobelpräis ass eng Unerkennung dofir, dass d'Aussoe vun deene Modellisatioune keng Spekulatiounen, mä wëssenschaftlech robust sinn. Am Communiqué vum Nobelcomité heescht et, ech zitéieren: "Mir kënnen net méi soen dass mer et net woussten – d'Klimamodellisatioune sinn eendeiteg. Ass d'Äerderwiermung real? Jo. Sinn Zäregaser an der Atmosphär de Grond dofir? Jo. Kann dat eleng mat natierleche Facteuren erkläert ginn? Nee. Sinn déi vum Mënsch verursaachten Emissioune responsabel fir d'Äerderwiermung? Jo."

Mir mussen eis och bewosst sinn, dass de Klimawandel sech eréischt mat engem gewëssen Delai bemierkbar mécht. Zum Beispill hu mir elo schonns quasi keen Afloss méi drop, wéi d’Klima sech an den nächsten 10-20 Joer wäert entwéckelen. Dat ass virprogramméiert, duerch déi Quantitéiten un Zäregaser, déi mer bis ewell schonns an d'Atmosphär geschoss hunn. All d’Mesuren déi mer lo ergräifen, hu just nach en Afloss drop, wat méi laangfristeg duerno passéiert.

Dat mécht et natierlech schwéier, Klimamodeller ze verstinn, respektiv unzehuelen an ze agéieren. Et geet beim Klimawandel ëm eng Zukunft, déi mir elo veruersachen, där hir negativ Effekter awer ons Kanner ze droe kréien. D’Greta Thunberg ass e Symbol fir d’expression d’angoisse vun deene jonke Generatiounen.

Et geet also lo drëms ze kucke, wat mer maache kënnen, fir negativ Effekter ze miniméieren. Fuerschung an Innovatioun spillen och dobäi och eng wichteg Roll, wa se sech zesumme mat der Gesellschaft deem Problem unhuelen.