D’Olympesch Wanterspiller vu Peking hu leider eng ganz Rei Froen opgeworf. Froen, déi eigentlech hätte missen am Virfeld gekläert ginn, wéi et drëm goung, wou déi Spiller da solle stattfannen.

D’Begeeschterung fir esou Mammutveranstaltungen hält sech a Grenzen. Et ass dann och kee Wonner, dass sech ëmmer manner Kandidaten dofir mellen. Esou ass et keen Zoufall, dass déi éischt europäesch Olympesch Spiller zu Baku am Aserbaidschan waren an d’Olympesch Wanterspiller zu Sotschi a Russland, an elo zu Peking a China. Alles Länner mat engem méi wéi doutéisen Ëmgang mat de Mënscherechter. Länner, wou de Sport fir de Nation Branding mëssbraucht gëtt.

Den Olympismus ass d‘Fundament vun enger Philosophie, déi op der Freed vum Effort, dem edukative Wäert vum Virbild, der sozialer Responsabilitéit, an um Respekt vun de fundamentalen ethesche Prinzippie berout. Weider heescht et an der Olympescher Charta, dass den Olympismus eng friddlech Gesellschaft fërdere soll, déi déi mënschlech Dignitéit respektéiert a keng Diskriminéierung acceptéiert.

Et kann een nu wierklech net behaapten, dass China dës Grondsazprinzippien och nëmmen am Usaz erfëllt. Am Géigendeel: D’Situatioun huet sech zanter der Decisioun vum CIO am Joer 2015, fir d‘Wanterspiller zu Peking ze organiséieren, dramatesch verschlechtert. Déi individuell Fräiheete vu Minoritéiten ewéi den Uiguren ginn net respektéiert. Och d’Fräiheeten zu Honkong ginn ëmmer méi ageschränkt. Dobäi kënnt d’Ënnerdrécke vun all Oppositioun, vun all fräier Press an eng permanent Iwwerwaachung.

At last but not least: Olympesch Spiller mussen nohalteg sinn. Dofir ass et net ze verstoen, dass Wanterspiller an enger Stad organiséiert ginn, wou et souzesoen ni schneit – ausser viru 14 Deeg.

Desto méi enttäuschend war den Optrëtt vum CIO-President Bach bei der Ouverture vun de Spiller, wéi hien déi virdru genannte Prinzippie knapps ernimmt huet. De President Bach sot, dass de Sport an d’Politik musse getrennt ginn. Hie léisst awer zou, dass d’Politik de Sport ëmmer méi mëssbraucht.

Et ass erschreckend festzestellen, dass déi nobel Prinzippie vun der olympescher Iddi esou mat Féiss getrëppelt ginn. Et kann een nëmmen hoffen, dass den CIO aus dëse Spiller seng Léieren zitt. De Sport an d’Sportler, fir déi eng Participatioun un enger Olympiad en Usporn muss bleiwen, hunn dat jiddefalls verdéngt.