Mécht den Erzéiungsminister mat sengen neien ëffentlechen Europaschoulen an der Méiglechkeet fir eng Alphabetiséierung op Franséisch ze wielen, onse Bildungssystem futti? De Fernand Fehlen, deen de Bildungsdebat säit véierzeg Joer verfollegt, kann iwwer dëse Virworf nëmmen de Kapp rëselen.

10/11/2025 Carte blanche vum Fernand Fehlen

Schonn an den 1980er-Joren ass d’Propositioun, fir niewent der traditioneller däitscher Alphabetiséierung an der Primärschoul eng zweet Franséisch-Filière anzeriichten, diskutéiert ginn. Deemools war Lëtzebuergesch nach net als Sprooch offiziell unerkannt an d’Primärschoulpersonal ass reegelméisseg dorun erënnert ginn, datt Lëtzebuergesch just a wéinegen Niewefächer, wéi Sangen an Turnen, huet däerfe gebraucht ginn. Dëst huet sech eréischt 2004 geännert, wéi d'Mady Delvaux-Stehres Erzéiungsministesch ginn ass an de Jean-Claude Juncker proklaméiert huet, datt Lëtzebuergesch d’Integratiounssprooch vun der Gesellschaft sollt ginn. Déi grouss ugeluechten Diskussioun vun der Reform vum Sproochenunterrecht an deen ambitionéierte Plan d‘Action zur Reform vum Sproochenunterrecht vun 2007 sinn allerdéngs op hallwem Wee stieche bliwwen, well se vum Immobilismus vum System – oder solle mer soe vun den Enseignanten – ausgebremst gi sinn.
Säitdeem ass d’Awunnerzuel a besonnesch och déi vun de Kanner am Schoulalter explodéiert an haut ass d’Lëtzebuergesch nëmme méi d’Haaptfamilljesprooch vu manner wéi engem Drëttel vun de Grondschoulkanner.

Kee Wonner, datt fir EU-Beamten an aner privilegiéiert Awanderer ëmmer méi international Schoulen niewent dem traditionelle Bildungssystem entstane sinn. Haut ginn 10 % vun der Schoulpopulatioun an dës Schoulen. Mee well net all Familljen sech dat leeschte kënnen, war eng Demande – besonnesch och bei Quereinsteiger – fir eng änlech, gratis a fräi zougänglech ëffentlech Schoul do an et louch op der Hand, eppes an déi Richtung unzebidden. D’Resultat: De Succès war enorm an haut ginn 8% vun der Schoulpopulatioun an dës ëffentlech-international Schoulen.

Trotzdeem sinn d’Schülerzuelen an der traditioneller Schoul weider an d’Luucht gaangen an ouni de Sécherheetsventil vun den internationale Curricula wär de System längst explodéiert. Mécht et Sënn, elo nach parallel zu den neien ëffentlechen Europaschoulen an der traditioneller Schoul eng nei Alphabetiséierung a franséischer Sprooch anzeféieren? Entsprécht dës net enger Dräisproochegkeet aus dem leschte Joerhonnert, déi et esou haut net méi gëtt?

Alle Populisten, déi doranner eng Frankofoniséierung vun der Gesellschaft gesinn, äntwert de Ministère, datt am neie Curriculum, all sougenannt Niewefächer elo op Lëtzebuergesch gehale ginn an doduerch d’Lëtzebuerger Sprooch gestäerkt gëtt. Dat mécht ëmmerhi 70% vun de Stonnen aus, an deene Kanner vun deenen zwou Filièren am selwechte Klassesall zu enger Gemeinschaft zesummewuesse sollen, mat hëllef vum geschwate Lëtzebuergesch.

Wéi een dëst schreift, léieren se awer nach ëmmer net.