"Al wäiss Männer? Brauch kee Mënsch". Esou ee Banner war e Samschden op der Plëss ze gesinn, wéi Fraen a Männer beim éischte Fraestreik zu Lëtzebuerg matgoungen. D’Nadine Gautier mat engem Commentaire.

Commentaire vum Nadine Gautier

Deplacéiert. Dat war dat éischt Wuert, wat mir agefall ass, wéi ech déi Foto gesinn hunn. Ech war zwar an der Stad e Samschden, hunn dat Plakat awer net gesinn. "Al wäiss Männer? Brauch kee Mënsch". Et ass provokant gemengt, dat ass mer schonns bewosst. Mä eng deplacéiert Provokatioun, net vun der Plattforme JIF "Journée Internationale des Femmes", mä vu Richtung 22. Ass dat déi richteg Manéier, fir Gläichberechtegung ze fuerderen an ze promouvéieren? Eng Gesellschaft, déi sech oppe wëll ginn, mä eng Selektioun mécht. Jo et gi sécherlech eeler Männer, déi fraefeindlech sinn, al wäiss Männer à la Trump... Mä misst een, am Plaz déi auszeschléissen, net ee Mentalitéitswiessel bei hinnen ervirruffen?

Wa mer déi Ausso "Al wäiss Männer" wuertwiertlech huelen. Da stellen ech just d’Fro: Äre Papp, deen eelere wäisse Mann doheem, ass dat esou ee Mann, dee Fraen erofmécht a sech fraefeindlech wéist?
... Esouvill zur Verallgemengerung...

"Ale wäisse Mann" gëtt natierlech och dacks einfach als Tournure geholl... D’Elite, déi op Decisiouns- a Schlësselposte sëtzt a sech vun uewen erof iwwer d’Fraerechter ewechsetzt, déi mat Féiss trëppelt... Et kann eloquent wierken, dës Tournure mat am Kampf afléissen ze loossen.. Mä d’Fraefeindlechkeet am Alldag, de Sexismus deem een ausgesat ass, geet wäit iwwer déi eeler wäiss Männer eraus, ... Mam Banner wollt Richtung22 Kënschtlerinnen ënnerstëtzen. Si ervirhiewen. D’Richtung 22 erkläert "Si (also déi al wäiss Männer) goufe vun eis eng Sekonn laang mat deem Gedanke konfrontéiert, dee fir hier Contrepartie hiert Liewe laang eng Realitéit ass: Dem Gefill an der Gesellschaft net an der Muechtpositioun ze sinn." Zitat Enn. Nee, dat fannen ech net. Dir hutt fir mech eppes erreecht: vum richtege Problem ofgelenkt. Am Plaz d’Fra an de Mëttelpunkt ze setzen, hu der de Contraire gemaach. Dir verbäisst Iech op déi "al wäiss Männer" a pauschaliséiert esou de Problem vum Sexismus. Am Plaz zesumme fir eppes ze kämpfen, versicht dir Roserei kënschtlech ze schafen. Dir vermëttelt Tirangsdenken, am Plaz ee Mateneen ze promouvéieren.

Gläichberechtegung ass ee Wee, deen ee muss zesummegoen, fir datt een och wierklech seng Friichten dréit. Um selwechte Strang zéien. Dofir wollt ech dann och op eppes aneres ze schwätze kommen. Ech sinn an der glécklecher Situatioun, datt ech op menger Plaz net vu Männer mannerwäerteg behandelt ginn, ech weess, datt vill Fraen déi Chance net hunn.. Dofir fannen ech Aktioune wéi esou eng Mobilisatioun gutt Mesuren, fir d’Opmierksamkeet op de Sujet ze lenken. Mä Frae-streik? Firwat net Streik fir méi Gläichberechtegung? Well ëmmerhi ware genuch jonk an och eeler Männer do... eeler a wäiss Männer. Ech froe mech, wéini et un der Zäit fir eng Gläichberechtungsmanif ass...