D'grouss a bekannt Banken op der Finanzplaz hunn d'lescht Joer weider säfteg Beneficer gemaach an Dividenden ausgeschott. Obwuel se an Affäre verwéckelt waren a sinn an eng Rei Clienten hir Sue geklaut kruten.

An de Schlagzeile waren dëse Summer: D’Spuerkeess no der Annonce vun enger Geldstrof vun der Finanzopsiicht CSSF. Eng Strof wéinst Schwaachstellen an der Kontroll géint de Blanchiment. D’BGL BNP Paribas ass mat engem bloen A dovu komm, obwuel se och an der Caritas-Fraude Kreditlinnen accordéiert huet, déi ee stutzeg maachen. D’BIL wéinst dem falschen Internetsite, duerch deen eng Rei vun hire Clienten vun Onéierlechen beklaut goufen. D’ING well se weider Clienten a Personal ofbaut.
 
D’Fraudë stiechen hei eraus. Zwar stëmmt et, datt all d’Banken ëmmer méi ugegraff ginn. Eegenen Aussoen no sensibiliséiere se awer och reegelméisseg a verstäerken hir Kontrollmechanismen. Wann ee mat Banquiere schwätzt kritt ee verséchert, datt de Gros vun den Arnaquen opgedeckt ginn an d’Suen zeréck gepaff ginn.
 
Wat awer vu Bausse gekuckt opfält, ass, datt wann d’Sue fort oder a Bitcoin convertéiert sinn, d’Banken op Defense ëmstellen an alles maachen, fir net musse Responsabilitéit z’iwwerhuelen. Wat och opfält, ass, datt, wa se Mol vun enger systematescher Arnaque viséiert sinn, d’Banke wann dann héchstens diskret drop hiweisen, fir nëmme keng Schwächt un d’grouss Klack ze hänken. Dëst dréit kloer net zum Schutz vun de Clientë bäi. Wat och net hëlleft ass, datt d’Banken am Géigesaz zu de Gauner net 24 op 7 operéieren.

Mat Bitcoins op der Yacht

Wann ee kuckt, ewéi de Business vun der Cyberfraude boomt, da schéngt dat net eleng op Naivitéit vun de Leit zeréckzeféiere sinn, och wann dat kloer och eng Schwaachstell ass. E boomt virun allem well d’Frauden ëmmer méi raffinéiert ginn a mat ëmmer méi techneschen an technologesche Moyenen, d’Kontrollmechanismen an d’Politik iwwerhuelen.
 
Am Fall vun der Spuerkeess richt et schonn no Konsequenzen um Niveau vun der Direktioun. Wat awer och feelt, ass déi politesch Konsequenz. D’Digitaliséierung kann een net ophalen, dajee alt, mee war dat e Grond fir d’Digitaliséierung carrement opzedrängen, offensichtlech ouni sech genuch Froen iwwert d’Kontroll oder de Schutz vun de klenge Clienten ze stellen?
 
Bei Frauden dierf een awer och dat Wichtegst net aus den Ae verléieren: d’Gauner däerfen net weider esou einfach vum Radar verschwannen. Et gi Mol Festname vu Cyberkriminelle gemellt, mee déi, déi déi 60 Milliounen Euro vun der Hëllefsorganisatioun Caritas geklaut hunn, sëtzen iergendwou op enger Yacht.
 
D’Leit solle méi sensibel op déi nei Arnaque sinn. Mee d’Banken an d’Politik mussen endlech sech och d’Moyene ginn, fir d’Gauner anstänneg ze bekämpfen. Soss huet een awer besser rëm de Cash ënnert der Matrass.