Gebremste Fortschrëtt

© RTL
All Joer am September gëtt d'europäesch Woch vun der Mobilitéit gefeiert.
Mam Bléck op d'Vëlosfuerer ginn zwar - zanter den 20 Joer, wou Lëtzebuerg dorun deelhëlt - ëmmer erëm symbolesch Aktioune lancéiert, strukturell Problemer allerdéngs net behuewen, fënnt d'Claudia Kollwelter a sengem Commentaire:
Et kann ene net soen, datt näischt fir de Vëlo gemaach gëtt. Bis 2035 sollen d'Velosweeër vun aktuell 600 op 950 Kilometer ausgebaut ginn, Projeten wéi d'Vëlosbréck um Belval oder d'Subventiounen fir Vëloen weisen, datt investéiert gëtt. Ma dat eleng geet net duer an datt dacks Decisiounen just aus dem Büro erausgeholl sinn, mierkt ee séier, awer och just, wann ee selwer mam Vëlo ënnerwee ass. Weeër, déi einfach vun engem Moment op den aneren ophalen, Chantieren bei deenen et zwar Deviatiounen fir d'Autoe ginn, een als Cyclist allerdéngs sech selwer debrouilléieren muss an am beschten vum Vëlo erof klëmmt an deen iwwert den Trottoir dréckt bis een erëm normal fueren kann an dierf, Zich (wann zum Gléck och ëmmer manner) an deenen et praktesch onméiglech ass eran ze klammen, wann een net gehollef kritt oder extrem muskuléis ass...dat si nëmmen puer Situatiounen, déi een dagdeeglech erlieft a wou ee séier realiséiert, datt de Vëlo einfach nach ëmmer net de nämmlechte Stellewäert huet wéi den Auto. De gréissten Challenge ass a bleift awer a mengen Aen d'Sécherheet. De Respekt ee virun deem aneren am Stroosseverkéier schénge mer zu Lëtzebuerg einfach nach net hin ze kréien. Genervten oder gestressten Automobilisten, déi een vill ze no iwwerhuelen, Autosdieren, déi opgemaach ginn, ouni datt an de Spigel gekuckt gëtt, ob ee laanscht gefuer kënnt, och dat erlieft een als Cyclist leider nach ëmmer vill ze dacks. Ma och op de Vëlosweeër ass een net forcement méi geschützt. Wann déi dann zum Beispill direkt hannert engem Busarrêt verlafen oder schlecht gezeechent sinn, kann een och de Foussgänger net verdäiwelen, deen engem bemol virun d'Rad leeft. Ze begréissen ass dofir a mengen Aen d'Initiativ vun der Mobilitéitsministesch Yuriko Backes, datt all nei Vëlospisten e roude Belag kréien. Wënschenswäert wier et, datt dat bei den existenten och gemaach gëtt. Déi réng visuell Oftrennung tëscht Trottoir a Piste cyclable ass kee groussen Opwand, ma Beispiller am Ausland weisen, datt se hir Friichten droen. E richtege Changement a Punkto Mobilitéit verlaangt awer bëssen méi Courage - Parkplazen ewech huelen, Tempo 30 Zonen oder autofräi Stroossen sinn hei am Land nach ëmmer éischter Ausnamen. Ma och do weist de Bléck an d'Ausland datt et och anescht geet. An Holland oder Dänemark schonn zanter laangem, ma och Stied wéi Gent oder Paräis weisen, wéi eng mënschefrëndlech Verkéierspolitik kann ausgesinn, an dat net just fir de Vëlosfuerer, mee och fir Foussgänger, Kanner an eeler Leit. D'europäesch Mobilitéitswoch ass ëmmer erëm e wichtegt Zeechen. Ma och do weisen Beispiller aus de Nopeschlänner, datt d'Volontéit de Vëlo an de Vierdergrond ze sëtzen, méi grouss ass wei nach bei eis. Stéchwuert "Auto-fräien-Dag". Fir e wierklecht Changement brauch et awer méi wéi just eng Woch am Joer a virun allem eng fléissend, sécher Infrastruktur, déi een am Alldag och notze kann.