A sengem Commentaire huet sech de Fränz Aulner gefrot, ewéi een d’Mentalitéit vu verschidde Leit kéint änneren. Well ouni dat, wäert et ëmmer u bezuelbare Wunnenge feelen. Wat ëmmer méi negativ Konsequenzen op allen Niveaue vun der Gesellschaft wäert hunn.

D’Präisser a Loyere sinn héich, well d’Demande méi staark ass ewéi d’Offer. Dee Constat ass zanter den 90er Joren aktéiert, de Problem nach ëmmer net geléist. D’Politik sot ëmmer A, mee net B. Se huet d’Demande reegelrecht ugefeiert – elo "jetzt erst recht", ënnert anerem, fir ëmmer méi populär Ausgaben ze finanzéieren. Genee ewéi an deene meeschte Länner an Europa huet se et verpasst, deem Wuesstem bezuelbare Wunnraum entgéintzesetzen oder déi Wunnengen ze mobiliséieren, déi eidel stinn.

You had one job !

Bei all den Efforten, d’Offer an d’Luucht ze kréien, goufen et Bengelen an d’Rieder. Iwwerdeems der "Lip-Studie" no, déi lescht 30 Joer méi grouss Wunnengen op de Maart koumen ewéi klenger, frësst eng nei, gutt gemengten Norm no där anerer weider Metercarré an Zäit op. Vum "méi a méi séier bauen", héiert een net méi vill, mee d’Hoffnung bleift ëmmerhin.

De Commentaire vum François Aulner

En Terrain oder eng Wunneng eidel stoe loosse gëtt weider duerch Präishausse belount. Steiere sinn nämlech onpopulär. Bei der Bomi, déi eng Wunneng fir hir Enkele wëll halen, kann een dat nach an der Rei fannen, mee och fir Spekulanten, dorënner der aus dem Ausland?

Nimby a Gemengenautonomie

Kann een et allerdéngs deenen, déi net wëlle bauen, iwwel huelen, datt se net bauen, wann ee weess, ewéi strikt d’Fuerderunge vun de Gemenge kënne sinn?

Jo, dach, eigentlech schonn. Mee trotzdeem: Méi dicht baue gëtt der helleger Gemengenautonomie respektiv dem Nimbyismus ënnerstallt. D’Leit hunn d’Recht ze reklaméieren, esou d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. Si soll awer engem Lieserbréif vum fréiere Chef vum Fonds du Logement am Tageblatt no och selwer scho géint méi abordabel Wunnenge reklaméiert hunn. An dat net an engem héiflechen Toun.

D’Stater Wieler beloune si offensichtlech fir hir Approche: Si ass mat Ausnam vun hirer Zäit an der Regierung an am Europaparlament zanter 1982 um Rudder. Hiren allgemenge Bebauungsplang, de Plan Polfer, behandelt jiddereen d’selwecht, seet si. Op Satellittebiller vun der Stad fält komescherweis op, datt do wou Mol Bësch war Haiser, souguer mat Piscine entstoe konnten, mee do wou de Staat oder d’Stad Bauland hunn, dacks manner Wunnengen autoriséiert ginn ewéi et der kéinte sinn oder ewéi op anere Plazen am Land. Um Kierchbierg hätt ee kënne puer Stäck méi bauen, mee Nee.

D’Rechnung ass séier gemaach

Wann een zum Beispill 10 Wunnengen op engem Terrain vun engem Hektar baut, da ginn déi Wunnenge méi deier ewéi wann et méi Wunnenge wieren. Interessant ass iwweregens, datt Gaasperech, trotz Ban an Tierm, manner Awunner huet ewéi den ale Stater Garer Quartier. Woubäi dobäi kënnt, datt kaum ofzestreiden ass, datt de Garer Quartier architektonesch méi ästhetesch ass ewéi d’Këschten op anere Plazen. Manner Normen a méi bëlleg Terraine kéinten dee méi schéine Bau erëm erméiglechen?

En Dram, well d’Terrainen a Wunnenge sinn an der Stad a ronderëm esou verdammt deier, datt all Joer Dausenden, wann net Zéngdausende Leit anzwousch anescht musse wunne goen, oder zu 8 an engem Haus hauséieren. Um Land entsti Citéen, de Buedem gëtt versigelt, d’Infrastruktur ënner Drock gesat, mee och d’Grenzregioun gentrifizéiert.

D’Lëtzebuerger Mentalitéit a Saache Logement ass e "strukturelle" Problem. Se verhënnert, datt d'Offer der Demande jee wäert nokommen. An dat erhéicht den Drock op d’Kafkraaft vun de Leit an am Umkehrschluss op d’Betriber. Virun allem awer op den Zesummenhalt an der Gesellschaft. Jo et ass e Polverfaass. An d’Optioun net méi ze wuessen? Dat géing eng richteg deier ginn, ausser fir d’Ëmwelt.