Käschte fir d'Trounwiessel-Party: Iwwer Sue schwätzt een net

Lëtzebuerg ass am Trounwiessel-Féiwer. De Countdown leeft, a geschwë geet et lass: dräi Deeg laang gëtt geféiert, aus dem Ausland reest d’Crème de la Crème aus Politik an Adel un. Land a Leit kréie Concerten, eng Tour duerch d’Land, a Kiermes-Ambiance an der Superlativ gebueden. D’Anne Wolff freet sech a sengem Commentaire, wat do fir eng Rechnung op de Steierzueler duerkënnt.
Dass hei keen Effort gescheit gouf, fält engem spéitstens op, wann ee Moies um Wee fir op d’Aarbecht laanscht de Glacis an iwwert d’Rout Bréck fiert: Wou nach virun e puer Wochen d’Schueberfouer fir Animatioun gesuergt huet, ass a kierzter Zäit eng futuristesch Bün opgeriicht ginn. D’Rout Bréck misst esou guer déi lescht Woch an der Nuecht gespaart ginn, fir d’Ekipement opzeriichten.
Online gëtt net mat Begeeschterung gespuert: eenzegaarteg, spektakulär soll et ginn. Honnerten Drone sollen den Nuetshimmel beliichten, d’Scheinwerfer op der rouder Bréck wäerte kilometerwäit ze gesi sinn, de Spectateur erwaart eng annoncéiert Riseshow - et féiert kee Wee laanscht déi versprachen historesch Momenter. De Programm ass bis an de leschten Detail bekannt.
Net bekannt ass bis elo allerdéngs, wat déi moossgeschneidert Mega-Party kaschte soll. D’Käschte sinn opgedeelt tëscht der Maison du Grand-Duc, dem Staat, an de Gemengen, woubäi d’Gemeng Lëtzebuerg do sécher deen déckste Budget vun de fënnef involvéierte Stied huet.
Op Nofro bei de concernéierten Acteuren heescht et: D’Käschte géingen duerno kommunizéiert ginn. Et wieren esou vill Posten dran, déi sech op X Acteuren opdeelen, et kéint een dowéinst am Virfeld keng kloer Zuelen nennen. Dat misst ex post zesumme gerechent ginn.
Am Stater Gemengeconseil ass den Toun um Méindeg virum Showdown kloer: d’Fro nom Budget wier net urgent, virun am Text. Bis op Diddeleng a Gréiwemaacher halen sech och déi aner Gemenge bedeckt.
Dass d’Zuelen aktuell nach net bis op de leschte Cent virleie, liicht an, mee als Contribuabel drängt sech do awer d’Fro op, firwat et net mol eng ëffentlech Gréisstenuerdnung gëtt? Firwat kann een dem Steierzueler net emol ongeféier soen, wat de Panem et Circenses en duerno kaschte wäert? Ass et schlicht Open end, oder huet ee sech Limitte gesat? Stinn d’Käschten duerno am Verhältnis zu aneren Amtsaféierunge vu Staatscheffen an aneren Demokratien? Firwat gëtt dräi Deeg gefeiert, a wat fir eng Retombée erhofft ee sech fir Land a Leit, no baussen an no bannen? Wat fir e Signal gëtt een, wann een esou eng insuffizient Kommunikatioun fir selbstverständlech hält?
Iwwer Sue schwätzt een net, heescht et jo am Volleksmond, an dësem Fall mol op mannst net am Virfeld. Dobäi wier op mannst eng Gréisstenuerdnung ubruecht gewiescht. Alles anescht wierkt ontransparent an ondemokratesch.