A sengem Commentaire kuckt d'Annick Goerens op de Massentourismus, den Overtourism an op d'Responsabilitéite vun den Touristen, wa si reesen.

De Summer ass eriwwer an d'Rentrée steet virun der Dier. Vakanz ass super, do sinn mer eis all eens. Allerdéngs gëtt et ëmmer méi schwéier, wierklech ofzeschalten an d'Welt ronderëm eis z'ignoréieren: Kricher, Naturkatastrophen, Bëschbränn, Verknaschtung an leider de Phänomeen vum Massentourismus, wou mir selwer – all Eenzelen vun eis - jo och een Deel vum Problem sinn. D’Annick Goerens mat enger Fro déi eis all concernéiert:

De Commentaire vum Annick Goerens

Wéi vill Vakanz ass nach ok? De Lëtzebuerger sinn hir Vakanzen helleg. An do sinn ech keng Ausnam. Am Schnëtt maachen d'Residenten 5,5 Vakanzen am Joer a sinn domat Spëtzereider an der EU. Den Tourismus ass a ville Länner eng wichteg - an dacks souguer déi eenzeg Industrie, déi Aarbechtsplaze schaaft an déi et domat de Residenten dacks erlaabt, op ländleche Plazen wunnen ze bleiwen, amplaz an déi grouss Stied ze emigréieren. Mä op ville Plazen ass hautdesdaags einfach ze vill lass: rieds ass vun Overtourism.

Vu Mallorca bis op Bali, zu Venedeg, zu Barcelona, zu Amsterdam an op ville anere Plazen ginn et Protester géint de Massentourismus. Tourists go home steet op ville Panneauen an et ass ze verstoen. Zu Barcelona sinn d'Loyerspräisser extrem an d'Luucht gaangen. Schold sinn Plattformen, déi Appartementer fir e kuerzen Openthalt un Touristen verlounen. Kamoud fir eis, mä onfair fir déi Mënschen, déi mussen an Touristen-Hotspots liewen. Si sinn doduerch dacks forcéiert, baussent der Stad ze wunnen. Och kleng Butteker kënne sech d'Loyeren net méi leeschten. De Flair an de Charme vun enger Stad kënnen esou komplett verluer goen.

Overtourism ass awer net méi just e Problem a grousse Stied, ma och an der Natur. Déi schéinste Stränn si mëttlerweil wansinneg iwwerfëllt. Plagen a Weeër verknascht an de Waasserverbrauch ass exorbitant héich: eng extreem Belaaschtung fir Infrastrukturen, déi dofir net adaptéiert sinn.

Zanter der Pandemie gesäit een och an de Bierger, besonnesch an den Dolomitten ëmmer méi Touristen. Donieft sinn engersäits d'Hëtzt an anerersäits Biller aus de soziale Medien Grënn, firwat et Leit an d'Bierger an op ganz spezifesch Plazen zitt. Um bekannten Seceda-Bierg am Val Gardena waren op engem Dag 8.000 Leit uewen um Wanderwee, fir eng Foto ze maachen, sou wéi si se op Instagram gesinn hunn. Déi lokal Baueren a Besëtzer vun den Terrainen hunn dofir am Juli dëst Joer Dréikräizer opgeriicht, wou Touristen elo 5 Euro musse bezuelen, fir op de beléiften Wanderwee ze kommen. D'Residenten hunn sech selwer mussen hëllefen, well duerch déi vill Touristen, déi net um Wee bliwwen sinn, d'Wisen vun de Bauere beschiedegt goufen. Net ze schwätze vum Knascht, dee se hannerlooss hunn.

Overtourism suergt awer net just bei den lokale Bierger fir Frust, mee natierlech och bei den Touristen selwer. Anormal héich Präisser fir Iessen a Gedrénks, extrem vill Gedrécks, laang Schlaangen a Stau. All Boot ass iwwerfëllt, all Duerf iwwerlaf, an all kleng romantesch Plage bis zum Baschten voll. Iwwerall Mënschen, Konsum a Commerce. Dat ass fir kee schéin. Et mussen dréngend Léisungen hir.

Fir Stied oder Naturparken kommen fréier oder spéider Quoten oder Arees-Limitatiounen. An den USA ass dat zum Beispill de Fall. Fir den berüümten Yosemite Park muss een am Virfeld Ticketen huelen an déi si limitéiert. Mat esou engem System ass allerdéngs, grad wat d'Natur ugeet, Virsiicht gebueden, well Natur ass Fräiheet an déi soll accessibel bleiwe fir all Mënsch. Wichteg ass, dass d'Leit méi bewosst reesen.

Sech mol méi Zäit huelen an net vun engem Foto-Spot oder enger Attraktioun op déi nächst hetzen. Lokal akafen a kleng Butteker ënnerstëtzen. An eng Saach, déi mir nach um Häerz läit: hiren eegenen Dreck mat aus der Natur huelen. Weder eng Bananne-Schuel, nach déi vun Orangen oder Eeër gehéieren an d'Bierger oder op d'Plage oder einfach laanscht de Wanderwee. Jo si zersetze sech iergendwann. Mee wann all Mënsch säin Knascht a seng benotzen Nuesschnappecher laanscht de Wee oder um Sand leie léisst, gesäit et fir keen méi schéin aus. Ganz niewebäi gesot, wuessen Bananne an Orangen och net an eise Breedegraden, dat heescht si zersetzen sech hei och net esou séier wéi am tropeschen Klima. Also: säin eegene Knascht hëlt een nees mat.

Och dat ass Deel vun engem responsabelen an nohaltegen Tourismus.