Et ass schonn paradox: objektiv gekuckt hunn mir eng gutt, voir excellent, wirtschaftlech Lag, 3-5% Wuesstem pro Joer an d’Aarbechtslosegkeet ass och während der leschter Legislaturperiod zeréck gaangen. An awer hunn d’Léit dat subjektivt Gefill dat et net op Dauer esou weider wäert goen.

Kuerz, och zu Lëtzebuerg, gëtt et eng reell Angscht virum sozialem Ofstig an generell virun der Zukunft. Dës Angscht muss een eescht huelen an offen doriwwer schwätzen.

D’Zukunft wäert, duerch d’Globalisatioun an d’Digitalisatioun, ëmmer méi komplex ginn, sou dat konkret politesch an gesellschaftlech Visiounen mussen ausgeschafft ginn, fir der Gesellschaft als Kompass ze déngen.

A Frankräich kann een soen dat den Macron eng offen Visioun fir säin Land huet, déi natierlech net perfekt ass an och kritiséiert kann an soll ginn. Mat sengem Zirkusstëck um Trapez mam Numm "ni de droite, ni de gauche avec un peu de néolibéralisme", ass et him gelongen den Populisten vun Lénks an vun Riets, eng franséisch an europäesch Zukunftsvisioun entgéint ze stellen, an dank dëser Visioun, d’Presidentiellen ze gewannen. Eng visionär Politik huet den Populisten den Wee un d’Muecht verspaart. Duerch säin Wahlsuccès, huet den Macron bewisen dat een visionären Programm d’Wieler net verschreckt, mais vill méi een Nerv bei dësen trëfft.

Komplett den Géigendeel gesäit een an Däitschland. Zanter Joren, am “Merkel-Konservatismus” gefaangen, léist déi politesch Klass mol net den Embryo vun enger Visioun erkennen. D’Land dümpelt zanter den Hartz/Schröder Reformen virun sech hin an sonnt sech an senger gudder ekonomescher Lag. Dat d’Inégalitéiten an der Gesellschaft awer ëmmer méi grouss ginn, schéngt keng grouss Roll ze spillen. Dat déi vir genannten Reformen sollen zeréckgeschrauwt ginn, an den Räichtum erëm méi gerecht verdeelt soll ginn, schéngt och kenger grousser Partei als real Zukunftsidée an den Kapp ze kommen, fir déi et sech lounen géif op eegen Parteiinteressien ze verzichten. Den politeschen Erfolleg gëtt reng un den gudden wirtschaftlechen Zuelen gemooss. Zanter 13 Joer, feelt dem Land eng konkret politesch Visioun. Vun der “Klimakanzlerin” bis ze der “Wilkommenskanzlerin”, vill Positiounen huet d’Merkel schonn vertrueden. No dem Motto « Was interessiert mich mein Geschwätz von Gestern », sinn d’Positiounen erëm opginn ginn, wann se net méi an den Machtcalcul gepasst hunn. Et gett reagéiert, amplaz regéiert, dëst alles mam Ziel fir esou laang ewéi méiglech un der Muecht ze bleiwen.

Dëst ass traureg an gëtt méi wéi nëmmen een schlecht Bild of. Et ass dach d’Roll vun den Parteien an besonnesch vun den Politiker, fir Haltung ze weisen an Idéen an Léisungsvirschléi auszeschaffen. Wann doropshin den Wand engem mol an d’Gesiicht bléist, an déi eegen Idéen Géigner ervirbréngen, dann schléit d’Stonn vun den Politiker, andeems si d’Géigner an enger haarder Diskussioun probéieren ze iwwerzeegen.

Leider schrecken ëmmer méi Parteien virun konkreten Aussoen zeréck, och zu Lëtzebuerg. D’Wahlprogrammer ginn mat diplomateschen Floskelen vollgesch(r)ott, fir sech all Koalitiounsoptiounen no den Wahlen opzehalen. D’Programmer liesen sech mat deemselwechtem Interessi ewéi den Fernsehsprogramm op engem Sonnden, just dat den Ënnerscheed tëschent Tatort an ZDF Herzkino méi grouß ass ewéi tëschent denen verschiddenen Wahlprogrammer.

De Problem ass, dat déi meescht Parteien, sech em sech selwer bekëmmeren oder sech un alen Strukturen an Politikbiller klammeren. D’Politiker, hirer Säit’s këmmeren sech léiwer em hier Carrière.

Déi richteg Entscheedungen fir d’Zukunft vun sengem Land ze treffen, muss dat primärt Ziel sinn, an dëst dierf net duech déi eegen politesch Carrière gebremst ginn. D’Gedanken mussen méi wäit goen, wéi nëmmen bis zum nächsten Sondage oder bis zu den nächsten Wahlen. Et muss een eng Visioun hunn vir säin Land, wann een en ëffentlecht Mandat iwwerhuelen wëll.

Grat an Zäiten vun Populismus, mussen demokratesch Parteien an Politiker, de Léit Zukunft's Visiounen opzeechnen an d’Léit net mat hiren Zukunftsängscht eleng loossen. Op keen Fall dierfen déi demokratesch Parteien sech an der “politique politicienne” verléieren an esou den Populisten d’Bühn iwwerloossen.

D’Digitalisatioun an d’Globalisatioun wäerten virun allem den Jonken hiren Alldag an den nächsten Joren dramatesch veränneren. Wei wäerten mir dono schaffen? Wei gesäit eisen Beruffsalldaag an Zukunft aus? Gëtt et deen Beruff wou mir an 20/40 Joer wäerten maachen Haut schonn, nach ëmmer oder ass en verschwonnen, an déi Léit mussen sech dann eng néi Beschäftegung sichen? Wéi gesäit et mat dem Sozialstaat an 40,50,60… Joer aus? Wäert dësen ze engem « Schnéiballsystem » verkommen, oder besteet trotz demografeschem Wandel (manner Contributeuren, méi Empfänger) nach Hoffnung dat och déi jonk Generatiounen vun vergläichbaren Leeschtungen profitéieren kennen?

Am Wahljoer 2018 mussen all d’Parteien zum Ziel hunn den Wieler een konkreten Wahlprogramme virzeleeën, deen eng kloer, realistesch, éierlech an ongeschminkten Zukunftsvisioun fir Lëtzebuerg opzeechent. D’Angscht beim Wieler virun der Zukunft däerf net weider verstäerkt ginn, mais all Partei huet d’Aufgab Léisungen ze fannen fir d’Zukunftsproblemer.

An der Hisiicht, dierft een méi wéi gespaant sinn d’Wahlprogrammer vun den verschiddenen lëtzebuerger Parteien ze liesen.