Ee Grupp vu jonke Lieserbréifschreiwer mat engem "Kommentar un eis Lëtzebuerger Klimaskeptiker".

Reegelméisseg mellen Ex-Politiker, Ex-Journalisten an Intellektueller sech ze Wuert, fir eis zu den ënnerschiddlechsten Themen hier Meenung matzedeelen oder d’Weltgeschéie baséierend op hirer Liewenserfarung anzeuerdnen. Interessant, heiansdo amusant a virun allem fir eis Jonker informativ a léierräich Texter kommen normalerweis heibäi eraus.

Bei engem Thema schénge verschidden eeler Auteuren awer ëmmer méi de Kompass ze verléieren: dem Klimawandel. Net méi spéit ewéi leschten Donneschden[ii] huet den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres d'UN-Memberlänner op e neits opgeruff endlech ze handelen. « Déi irreversibel Stéierung vum Klima ze verhënneren, ass d'Course vun eisem Liewen, déi mer gewannen (…) mussen » sou den UNO-Generalsekretär.

« Stopp – elo ass esouguer schonn d’UNO komplett am Eemer » oder « Déi hunn keng Anung vun der Naturwëssenschaft, wëll déi Damm vun der Sorbonne huet geschriwwen… »[iii], denkt dir iech, léif lëtzebuerger Klimaskeptiker, elo sécher.

Hanner Excusen ewéi zum Beispill « et si schonn ëmmer méi waarm an méi kal klimatesch Perioden op der Äerd ginn » probéiert dir iech, géint all Changement hin ze méi Klimaschutz ze stellen, an d’Urgence, déi bei dësem Thema ubruecht ass, a Fro ze stellen. Dat ganzt gëtt dann nach heiansdo mat purem Haass vis-à-vis vum Greta Thunberg ofgeronnt.

A jo, dir hutt Recht, et sinn an der Geschicht vun eisem Planéit schonn ëmmer Kal- a Warmzäite ginn. Mee dës Erwärmungsphase vun de leschte 50 bis 150 Joer leeft vill, vill méi schnell of, ewéi all bekannt Erwärmungsphasen an der Geschicht vun eisem Planéit. An et ass och di éischte Kéier, datt esou eng Erwärmung op dem gesamte Globus gläichzäiteg stattfënnt.

A jo, dir hutt och Recht datt d’Natur CO2 fräi setzt, bei Vulkanausbréch zum Beispill. Mee am Géigesaz zu eis Mënschen absorbéiert d’Natur hier CO2 Emissiounen erëm a kreéiert doduerch erëm ee gewëssent Gläichgewiicht. D’Emissiounen déi vum Mënsch zousätzlech fräigesat ginn, kënnen net all absorbéiert ginn an lande massiv an der Atmosphär. Duerch d’Ofholzung vun eise Bëscher an d’Schmelze vum Permafrost, gëtt dëse Prozess nach verstäerkt.

97%[iv]vun alle Klimafuerscher sinn sech sécher, dat de Mënsch den Klimawandel massiv beaflosst. Dir, léif Klimaskeptiker, follegt also gären der Meenung vun deenen aneren 3% «Klimafuerscher» déi Majoritär vun der Autolobby an den Energiekonzerner finanzéiert ginn, an deenen hier Aarbechten noweislech massiv wëssenschaftlech Feeler opweisen[v]; dir stellt ärch gären op d’Säit vun Trump, Gauland & Co.

Fridden op engem Kontinent dee wärend Joerhonnerte vun Kricher gezeechent war, Wuelstand, Demokratie, héich Liewensstandarden, fräi Zirkulatioun an der Europäescher Unioun dank dem Schengen Accord…

Är Generatioun huet ouni Zweiwel vill dozou bäigedroen, dass mir hei an engem klenge Land kënne liewen, an deem et eis, am Duerchschnëtt, vill besser geet ewéi dem grousse Rescht vun der Welt.

Mee, dir musst iech dach awer och agestoen: déi Aart a Weis ewéi mir am klenge Lëtzebuerg an op der grousser Welt am Moment liewen, huet ee grousse Problem mat sech bruet: d’Ëmweltschied an de Klimawandel. Béid veränneren eise Planéit onwidderrufflech a wäerten eis Äerd, eis Heemecht zerstéieren, wann mir elo net schnell, ganz schnell, agéieren!

Onvirbereet erreecht iech déi Nouvelle vum Klimawandel an der Kris vun der Natur an där mir eis elo befanne sécher net. Schonn 1972 huet den sougenannten « Club of Rome » iech gewarnt, dass mir Mënschen eist Konsumverhale mussen änneren. Asiicht ass bis haut keng wierklech komm, soss wiere mir haut net op deem Punkt ukomm wou mir elo stinn.

D’Weltgesondheetsorganisatioun huet festgestallt, dass 8 vun 10 Residenten am urbane Raum enger Loftverschmotzung vun Feinpartikel (PM10) ausgesat sinn, déi bis zu 27 Mol iwwert der recommandéierter Limitt vun 20 µg/m3 läit an deemno weltwäit eng grave sanitär Kris ervirrifft. D’IPBES[vi], eng Ënnerorganisatioun vun der UNO, huet dëst Joer am Mee festgestallt, dass net manner wéi 1 Millioun Déieren- an Planzenaarte kuerzfristeg ausstierwe wäerten, wann mir d’Rudder net elo ëmräissen.

Mee amplaz der ökologescher Kris dee richtegen Numm ze ginn, deen der Urgence an där mir eis befannen entsprécht, gëtt oft vu Klimawandel geschwat.

Komm mir nennen d’Kand dach beim Numm. Komm mir schwätze vun enger Klimaurgence, well dat ass et a näischt aneschters!

Blann op den technologesche Fortschrëtt ze vertrauen, an dobäi esou obsolet Technologien ewéi d‘Atomkraaft als zukunftsfäeg ze consideréieren, ass keng Léisung fir d’Klimaurgence. Héich Mauere ronderëm eis Küstengebidder bauen an hannert de Mauere weider maachen, ewéi wann näischt geschitt wier, och sécher net!

Mir mussen agesinn, mir alleguer: mir kënnen net méi esou weider liewen, mir mussen eist Konsumverhalen, eis Liewensgewunnechten, änneren. A mir mussen endlech ufänken, Politik esou ze maachen, datt mir de System geännert kréien. An virun allem mussen mir eis Virstellungen vun Gléck an Räichtum, déi virun allem op materielle Mossstief baséieren, a Fro stellen. Nëmmen esou baue mir eng liewenswäert – a liewensfäeg - Zukunft fir eis all op.

Oder wëllt dir, Här Goebbels, Här Kaiser an Här Vogel, datt är Kandskanner iech eng Kéier soen:

« Merci Bopa,

Merci dass du d’Welt riicht an d’Mauer lafe gelooss hues! »

E Grupp vun Jonken, déi alleguer u sech gären informativ, interessant, heiansdo amüsant a léierräich Texter liesen*

*Adam Lukas, Cano Olivier, Harsch Eric, Kersch Lisa, Leners Max, Miltgen Maxime, Pulli Sacha, Roeltgen Claude, Schmit Nathalie, Sold Georges, Streff Ben, Vesali Amir, Weymerskirch Patrick, Winkel Elisha


[i] http://www.vogel.lu/lettre-a-mr-robert-goebbels-de-monsanto-glyphosate/

[ii] 1. August 2019

[iii] https://www.rtl.lu/meenung/lieserbreiwer/a/1383007.html

[iv] http://whatweknow.aaas.org/get-the-facts/

https://www.pnas.org/content/107/27/12107

[v] https://qz.com/1069298/the-3-of-scientific-papers-that-deny-climate-change-are-all-flawed/

[vi] Plate-forme intergouvernementale scientifique et politique sur la biodiversité et les services écosystémiques