Nom grousse SantaFe an dem mëttelgrousse Tucson proposéiert Hyundai elo och en trendy Kompakt-SUV: de Kona. De Pascal Becker huet en am Detail getest.

Et ginn haut an der automobiler Welt vill Opportunisten : Marken, déi de SUV eréischt spéit als Renditeobjet entdeckt hunn. Dee Reproche kann ee Hyundai sécher net maachen. Well et ass ebe grad iwwert SUVen wou d’Koreaner sech iwwer Joere lues awer sécher an eis Garagen a Verkafsstatistiken rageschlach hunn.

An den neie Kona schéngt um beschte Wee fir deen Trend ze verstäerken. D’Segment vu kompakte SUVen ass am gaangen z’explodéieren. Ästhetesch muss een de Hyundai-Designer eng Bonne Note ausstellen. Wierklech gelongen. Op d’mannst esou ee vu bausse ronderëm den Auto schläicht.

Banne geet et allerdéngs, trotz roude Sécherheetsgurten, e gutt Stéck méi konservativ, fir net ze soe langweileg virun. Sécher, et ass opgeraumt, iwwersiichtlech a propper zesummegeschrauft. Wat awer feelt, ass e gewësse Funk-Faktor, deen de Kona vu bausse versprécht a bannen net hält. Hir Karosseriedesigner rekrutéieren d’Koreaner jo zum Deel an Däitschland, vläicht wier et un der Zäit och emol e puer wëll Europäer op den Intérieur lasszeloossen.

D’Sëtzer gäizen e bësse mat Säitenhalt a sinn näischt fir ganz laang Gesellen. Vum Raum hir geet et awer fir véier Erwuessener duer, an d’Mall ass net riseg. Dat heite soll jo e City-SUV sinn.

Iwweregens e gutt équipéierten. Wien wéi mir d’Topversioun bestellt, kritt serieméisseg esou zimlech alles, fir dat europäesch Konkurrente gären extravagant Optiounspräiser verlaangen. Dorënner net nëmmen en voll Tut Sécherheetssystemer, Apple Carplay an Android Auto, mä esouguer en Head-Up-Display. Dee funktionéiert gutt, muss allerdéngs iwwert fummeleg Menüen iwwer Knäppercher um Steierrad agestallt ginn. Wat ee besser am Stoe mécht.

Constructeure gi jo Milliounen aus fir e passenden Numm fir hir Produiten ze fannen. Esou soll Kona op en Distrikt op Hawai uspillen. Eis portugisesch Matbierger sinn héchstwahrscheinlech schonn am gaangen haart ze laachen. Op Portugisesch ass “Cona” a vulgären Numm fir den Intimberäich vun der Fra. Dofir heescht en zu Lissabon dann och “Kauai”. A francophon Marchéen wäerten och op typesch Sportversioune mat Kierzel wéi “S” oder “R” musse verzichten. Connassen a Connarde ginn et scho genuch...

Et sief! De Kona fiert sech jiddefalls präzis, Tendenz straff. Normalerweis si mir jo PS-Fetischisten. An 177 Päerd sinn am Prinzip besser wéi 120. Ech froe mech allerdéngs op de Kona mam klengen Dräizylinder net déi  méi harmonesch Kombinatioun duerstellt fir en Auto, dee kee GTI wëllt sinn. De 1600er Turbo geet wuel gutt, mä ass akustesch ouni Charme an zimlech duuschtereg. A säin Zesummeliewe mat der 7-Gang-Boîte ass heiansdo onnéideg turbulent.

D’Positioun Sport bréngt nëmmen onnéideg Hektik a Kaméidi. Ironescherweis ass am Eco-Modus de d’Harmonie am beschten. Dat ass och den eenzege wierklechen Ënnerscheed, deen Eco bréngt. De Verbrauch ass näämlech quasi identesch wann een am Confort-Programm ënnerwee ass. 9 Liter sollt ee realistesch aplangen. Oder Yoga-Coursen huelen.

Wien déi 4 ugedriwwe Rieder, déi de SUV-Look suggéréiert, och wierklech brauch, kritt se nëmme mam décke Motor, den Dräizylinder ass vir gedriwwen.

Präislech geet Kona-Fuere knapp ënnert 18’000 Euro un fir bei ronn 29’000 Euro fir de voll équipéierten Testauto opzehalen. Wat verglach mat de Konkurrenten an der laanger Garantie net iwwerdriwwen ass.