De Velar ass d'RangeRover-Versioun vum Jaguar F-Pace. De Pascal Becker ass bis op London gefuer fir dëse Relooking am Detail ze testen.

Heiansdo huet ee Loscht, sech wéi e Schlasshär ze fillen. Am léifsten ouni d’Restauratiounskäschte vun enger Buerg. Dofir ginn et Autoe vu RangeRover. Wou d’Atmosphär vu schotteschem Landadel iergendwéi mat an der groer Kaart steet. A woumat een an all Gesellschaftskrees adäquat gekleet ukënnt.

De Velar ass dee jéngsten an enger Modellpalett, déi a leschter Zäit mat engem ëmmer méi enke Raster operéiert. Präislech ginn et hei breet Iwwerschneidungsberäicher mat Discovery a RangeRover Sport. Déi méi Plaz a méi Offroad-Talenter bidden.

Mä vläicht brauch net jiddereen dat an de Velar ass de gëllene Mëttelwee. Op der Strooss doudsécher. D’Erklärung ass einfach. Ënnert dem Range-Look lauert e Jaguar F-Pace, liicht verfäinert.

Hei ginn et net manner wéi siwe Programmer, déi d’Fuerverhalen, d’Fiederung, d’Boîte an d’Gaspedal den Ëmstänn entspriechend beaflossen. Tëscht Confort, Sport, Geessepad, Autobunn a Sahara ass een am beschte mat Automatik servéiert. D’RangeRover-Ingenieuren hunn honnerte vu Stonnen um beschte Kompromëss gefeilt a meeschtens kann een hinnen trauen. Konkret heescht dat, dass Confort méi eng héich Prioritéit wéi beim Jaguar genéisst, ouni dass de Velar elo schwammeg wierke géif. Wat besser zum Charakter vun engem Luxus-SUV passt.

An a propos Charakter. Et kritt een de Velar mat véier Zylinder. Déi wuel och vun der Plaz kommen. Mä eréischt de V6 mat senge labberen Dréimomentreserven an 300 Päerd liwwert déi First-Class-Lafkultur. Ouni vill méi duuschtereg ze sinn. Eppes iwwert aacht Liter si fir esou e schwéieren Auto ganz okay.

Eise laange Roadtrip bis op d’Insel ass eng gutt Geleeënheet fir Saachen op den Zant ze fillen, déi am normalen Testbetrib gären ënnerginn. Wéi raisonnabele Verbrauch an Dauerconfort. Hei hu mir “spendid isolation” op véier Rieder, de Velar ass eng superb Reesmaschinn, mat ënnert anerem der jéngster Generatioun vun Infotainment. Et ginn elo net manner wéi dräi Schiermer an d’Grafik ass endlech gestache schaarft.

Ukomm an England ass elo e bëssen Zäit fir e Stéck Geschicht. LandRover war laang bekannt fir rustikal Offroader, Autoe fir Aventurieren, Baueren an Zaldoten. Den éischte RangeRover war e gewote Virstouss an en ongewinntent Luxussegment. D’Prototype waren dofir mat engem falschen Numm getarnt. Um Capot stoung “Velar”, eng erfonnte Mark fir Journalisten op falsch Spueren ze lackelen. Esou gesinn ass deen neien eng Hommage un d’Firmegeschicht.

Zyniker kinnten elo behaapten, dat hei wier nëmmen e Relooking vum Jaguar F-Pace, mä dat wier ongerecht. De Styling ass kloer a kohärent RangeRover. A gesäit a mengen Aen besser aus wéi deen aus bestëmmte Wénkele gakege Jaguar.

Bannendran ass da kloer “no contest”. De Velar ass eng Klass driwwer wat Schiermer a Finitiounen ugeet, wat dann och explizéiert, firwat de RangeRover e gudde Krack méi deier ass wéi säi Cousin. Bis zu 20’000 Euro. Aua!

Méi Plaz hanne gëtt et fir déi Suen net. Wat e bësse schued ass. Mä fir véier Leit geet et duer. An d’Mall passt e kompletten Équipement vun enger Tele-Crew: zwou Wallissen, e Stativ, Materialrucksäck, eng Drone...

Et ass um Ufank e bësse stresseg op der fir eis falscher Stroossesäit ënnerwee ze sinn. Mä et ass och e gudden Test fir erauszefannen, wéivill Opmierksamkeet en Auto vu sengem Chauffer verlaangt. An de Velar ass definitiv en Alliéierten op menger Säit. Easy am Ëmgang, iwwersiichtlech an trotz groussen Dimensiounen handlech genuch. Obwuel ech keen SUV-Fan sinn, muss ech agestoen, dass déi héich Sëtzpositioun ironescherweis am Stadverkéier net désagréabel ass.

Woubäi ech wéineg Stied kennen, déi esou autosonfrëndlech wéi London sinn. An dann nach bis zu 16 Euro den Dag verlaangen fir de Privilège am Stau ze stoen. Avoid!

Zeréck also an eis kontinental Naturlandschaft fir d’Schlussrechnung. Well bei aller Anglophilie an dem Velar senge Qualitéiten: e bëllege Spaass ass e RangeRover net. Den Antrëttspräis läit bei 55’000 Euro, de V6 Diesel kascht minimum 65’000 Euro, a mam HSE-Équipement kënnt een op iwwert 85’000 Euro. Zum Trouscht: wien däitsch Konkurrente gläichwäerteg équipéiert, muss nach eng Grimmel méi dohinner bliederen. Fir wuel méi Tech, mä manner Charme...