De Subaru XV ass e Kompakt-SUV, dee vill Leit net op der Rechnung hunn. Wat seng Talenter sinn, wollt de Serge Pauly um Polarkrees erausfannen.

E bloe Rallyeauto mat groussem Spoiler a gëllene Felgen. Et ass genee dat Bild, wat vill Leit am Kapp hunn, wann se u Subaru denken. Mat der aktueller Gamme huet dat awer net méi vill ze dinn, an et huet een esouguer den Androck wéi wann déi eege Vergaangenheet de Japaner haut scho bal e bësse penibel wier.

Et ass an extreme Situatiounen, wou een sech op dat Wesentlecht konzentréiert. Mir sinn am Norde vu Finnland, zu Rovaniemi, um Polarkrees, bei Minus 25 Grad… Et zitt net vill Leit heihinner. Japanesch Touristen, déi d’Polarliichter gesi wëllen. An Autosjournalisten fir den neie Subaru XV ze testen.

Mir ginn et zou. Wou mir d’Invitatioun acceptéiert hunn, war et éischter wéinst de schéine Schnéibiller a manner wéinst dem Auto.

De Subaru XV ass ee vun deenen Autoen, déi ee séier iwwersäit, déi an der Mass ënnerginn. Et gi Konkurrenten, déi méi Wäert op hir Ausstrahlung leeën. Den XV ass déi héichgeluechte Versioun vum Impreza. Wou dee wierklech nëmme langweileg ass, bleiwe beim XV d’Aen op d’mannst un e puer Plastik-Protectiounen, un e puer Ecken a Kanten hänken. Den XV wierkt mat senge grousse Fënsteren e bëssen almoudesch. Mä bei eisen Tester fält eis ëmmer erëm op: wat d’Forme méi stylesch sinn, wat d’Karosserien och méi oniwwersiichtlech sinn. Am XV gesäit ee gutt eraus, et ass e Schrack zeréck bei wesentlech Qualitéiten.

De Cockpit léisst sech am beschte mat „japaneschem Pragmatismus“ ëmschreiwen. Kee virtuelle Cockpit, kee Premium-Blingbling, keng exotesch Matièren. Einfach nëmme propper verschaffte Plastik, en harmonesche Materialmix, mat genuch Oflagen a praktesche Commanden. Fir den Intérieur gëtt et sécher keen Designpräis, mä vläicht awer eng Ergonomie-Auszeechnung. Den Tableau ass iwwersiichtlech, den XV ass wierklech einfach ze bedéngen.

D’Lappe sinn houfreg op hir Traditiounen, dorobber wéi si d‘Challengen an dësem raue Klima meeschteren. Och Subaru huet et an Europa net ganz einfach, an hält trotzdem u senger Philosophie fest. Dat kinnt ee verbruet nenne, mir fannen et sympathesch! A serieméissegen Allrad a Boxermotor si nu wierklech net déi schlechste Charaktereegeschaften.

Vill SUV-Clienten trauen sech mat hirem Boulevard-Cruiser guer net an de Bulli. Den XV par contre wëllt net nëmme wéi en Offroader ausgesinn, e kann och wierklech Terrain. D’Traktioun ass gutt an d’Elektronik “X-Mode” suergt dofir, dass och Amateuren géi Penten ouni Problem meeschteren. Mir sinn héchstens heiansdo am héiche Schnéi opgesat. D’Buedemfräiheet ass bësse limite. De Forester bleift trotz allem dat bessert Geschir fir Bulli a Schnéi.

Hei uewen um Polarkrees schneit et vun Ufank November bis an den Abrëll eran. Glat Stroossen oder zougeschneite Weeër, dat ass näischt wat d’Finne mat hirem entspaante Wiesen aus der Rou brénge giff.

Och de Subaru XV huet éischter e gemittleche Charakter. D’Fuerwierk, den 2-Liter-Bensinner mat 156 Päerd oder déi serieméisseg stufenlos Automatik si sécher näischt fir neie finnesche Rallyechampion ze ginn.

D’Stroosselag ass duerch de Boxermotor a säin nidderege Schwéierpunkt mol guer net esou schlecht. Den XV läit zimlech stabel. Dat kinnt Spaass maachen, wann d’Réckmeldunge besser an d’Lenkung méi direkt wier. Subaru setzt hei definitiv op Confort.

D’Subaru-Ingenieuren hunn der neier Plattform, op där an Zukunft déi ganz Gamme baséiere soll, all méiglech Vibratiounen ausgedriwwen. Dat mierkt een. An och de 2-Liter-Boxermotor (156PS) ass extrem lafroueg. Do vermësst een den Diesel, deen net méi fir Impreza an XV ugebuede gëtt, héchstens wéinst sengem méi nidderege Verbrauch.

Nëmmen d’CVT-Boîte stéiert heiansdo d’Rou. Dréinen d’Rieder elo grad um Schnéi duerch, oder léisst déi stufenlos Automatik de Motor grad erëm bis kuerz virun de roude Beräich dréinen? Leider ass et déi eenzeg Boîte fir den XV, manuell schalten ass net méiglech. Fairerweis muss ee soen, dass d’CVT mam 2.0i nach einigermoossen harmonéiert, virun allem wann een op en exzessive Gasfouss verzicht. Am Zesummespill mam 1600er Bensinner (114PS) ass se par contre eng eenzeg Zoumuddung. Deen ass esou schwaach op der Broscht, dass d’stufenlos Automatik wierklech permanent hurelt, ouni dass ee wierklech vun der Plaz géif kommen.

Net nëmme beim Undriff geet Subaru seng eege Weeër, mä och bei der Sécherheet. Den adaptive CruiseControl “Eyesight” funktionnéiert net wéi bei der Konkurrenz mat Radaren a Laseren, mä mat zwou normale Kameraen. Dat ass e gutt Stéck méi bëlleg. An ech muss soen, dass de Subaru-System op d’mannst grad esou gutt funktionnéiert wéi déi méi komplizéiert Alternativen. A verschidde Situatiounen hat ech esouguer den Androck, wéi wann den “Eyesight” de besseren Iwwerbléck hätt.

Mat Eysight a mam klenge Motor kascht den XV 22‘000, fir den 2-Liter sinn 30‘500 Euro fälleg. Et kritt een dofir e grondéierlechen Kompakt-SUV, deen héchstens an der Lifestyle-Wäertung d’Schlappe verléiert, mä deen soss an alle wesentlechen Punkten zimlech stressfräi ass.