De Pascal Becker war bis an d'Alpen fir do déi nei Generatioun vum Touareg ze probéieren. De groussen SUV ass mëttlerweil d'Flagschëff an der VW-Gamme.

Si soen, dass uewen op der Spëtzt d’Loft zimlech dënn gëtt. Dat hei ass momentan de Pick vum VW-Massiv: den neien Touareg. Keen anere VW ass méi deier, keen anere gëtt et nëmme mat op d’manst sechs Zylinder. Et ass eng gutt Nouvelle, dass VW wëllt ophale mam iwwerdriwwenen Downsizing. An Zukunft soll et nach just “Rightsizing” ginn. An en 3.0-V6-Turbodiesel kléngt an esou engem Auto fir mech zimlech “right”. Dëse Motor soll och wierklech, dës Kéier, héich an helleg versprach, propper sinn!

Eigentlech war dat hei eng zimlech almoudesch Aféierung an en Autotest. Motoren interesséiere jo kee Mënsch méi. Haut zielen anscheinend nach just Connectivitéit a Schiermer, den analoger Knäppchen ass en Ausstierfmodell.

“Innovision” nennt VW säin digitale Cockpit, deen zwee Écranen zu enger Projektiounsfläch verschmëlzt. A wou een als Chauffer Gestaltungsméiglechkeeten huet, esoulaang ee virdrun 3’500 Euro sprange gelooss huet, well déi schéi Billerlandschaft ass natierlech eng Optioun a leider net serieméisseg. Si verwalt eng enorm Lëscht vu Funktiounen, dofir am Résumé: wie mat enger Tablette eens gëtt, fënnt hei och säi Wee. Et funktionnéiert!

Et gi vill gutt Saachen um neien Touareg, déi och richteg gutt funktionéieren. Intelligent LED-Matrix-Luuchten, Night-Vision, Head-Up-Display, mega Stereoanlag vun Dynaudio, Loftfiederung, Fuer- a Parkassistenten. Mä dat hei war en deiere Saz. Ronn 13’000 Euro extra wann een déi schéin Optiounen ukräizt.

Nach emol 1’300 Euro si fir d’Unhänger-Kupplung fäleg. Mä ëmmerhin dierf den Touareg dann 3½ Tonn zéien. Net onwichteg fir Päerds- a Bootsbesëtzer. Déi dann och Trailerassist kenne bestellenm, fir dass d’Päerd näischt ze laachen hunn.

D’Mall ass grouss, d’Sëtzplazen hanne generéis. Mä méi haart a manner luxuriéis wéi déi viischt Rei.

Wann den Touareg eng kloer Missioun huet, dann heescht déi Confort. Sécher, et gi respektabel Offroad-Talenter. Mä et ass als Reeslimousine, wou den héiche VW fläisseg Punkte sammelt. Besonnesch de Geräichconfort ass superb. An do ass ee méi wéi eng Kéier frou iwwert d’Assistenten, déi een ofbremsen. Well akustesch hat ee wierklech net den Androck mat 120 ënnerwee ze sinn.

Sécher, den Touareg weit bal zwou Tonnen, mä hannert dem Steierrad fillt dat sech vill méi handlech un. Déi hënnescht Rieder renkelen näämlech mat. Wat esouwuel d’Stabilitéit bei héiche Vitessen wéi och d’Handlechkeet an enke Kéiere verbessert. Wat ee bei de ville Serpentinen kloer mierkt: dësen dach zimlech groussen Auto huet e Wendekrees, deen nëmmen 20 Zentimeter méi grouss ass, wéi dee vun engem Golf.

Dir kennt esoulues d’Regele vum Spill: och dat ass eng Optioun. Mä fir en SUV, deen 235 ka rennen keng onwesentlech. Trotz 286 Päerd an Automatik ass den neien Touareg relativ spuersam. Knapp iwwert 8 Liter, ouni besonnesch opzepassen.

Dat hei soll och e besonnesch sécheren Auto sinn. Net nëmmen am Crashtest, mä och duerch déi vill Assistenzsystemer. Déi meescht si gutt an nëtzlech. Lane Assist awer nervt méi wéi dass et hëlleft. A schalt sech bei all Start automatesch erëm un. VW weess esouguer, dass dat hire Cliente ferm op de Sou geet. Mä ouni gëtt et anscheinend kee fënnefte Stär am EuroNCAP-Test. Firwat muss Sécherheet ëmmer nerven?

Wann Dir Iech wëllt bretzen: dësen Auto deelt seng Plattform mat Bentley Bentayga, Porsche Cayenne, Lamborghini Urus an Audi Q7. Keng schlecht Gesellschaft, mä och keng bëlleg.

Déi genee Präisser fir Lëtzebuerg stinn nach net fest, mä ëm 60’000 soll den Antrëtt scho leien. An duerno geet et duerch déi vill schéin Optioune géi biergop. Eise vollgestoppten Testauto huet d’honnertdausender Schallmauer geknéckt. An do gëtt d’Loft fir e VW wierklech dënn.

VW Touareg
De groussen SUV ass mëttlerweil d'Flagschëff an der VW-Gamme.