Den "normale" Kona hu mir scho getest. Elo kënnt déi elektresch Versioun. De Pascal Becker huet de 482km Autonomie vertraut a war bis an d'Eislek domatter.

Ech geheien elo emol eng Zuel hei an d’Diskussioun. 482 Kilometer. Esou wäit soll de Hyundai Kona electric mat enger Charge kommen. Ënnert optimale Konditioune wuel. Mä ëmmerhin. Tesla oder Jaguar verspriechen dat och. Allerdéngs fir den duebele Präis.

De Kona hate mir virun engem Joer schonn als Bensinner am Test. E kompakte Crossover, gutt équipéiert, propper verschafft. E bëssen haarde Plastik, net iwwerdriwwe lëfteg hannen. Dorunner huet sech näischt geännert. Wat weist, dass d’Elektroversioun vun Ufank u mat entwéckelt gouf. Esouguer d’Mall huet net gelidden. D’Batterie sinn an der Mëtt agebaut, wat e puer Milimeter Foussraum kascht.

Optesch erkennt een d’Volt-Versioun un der glater Calendre. Mat direkt zwou Prisen! Eng normal. An enger fir e Schnelllueder, wann een d’Chance huet een ze fannen. Bei Hyundai kritt een eng Wallbox ze kafen. Domatter léisst eng komplett platt Batterie sech a knapp 10 Stonnen erëm voll lueden. Wien nëmmen eng normal Steckdous huet, suckelt dorauser awer nëmmen eppes méi wéi zéng Kilometer Autonomie pro Luedstonn.

Et wäert also schwéier ginn, all Dag déi maximal Autonomie auszenotzen. Mä dorëms geet et jo net. Si ass vill méi dat berouegend Sécherheetspolster am Alldag, wat Zweifler zur Elektromobilitéit kinnt bekéieren.

Dass mir eis fir d’Filme bis erop an d’Éislek getraut hunn, ass en Zeechen. Zu Stolzebuerg hate mir ëmmer nach 350 Kilometer Autonomie iwwereg. Wat dofir schwätzt, dass de Hyundai am realisteschen Alldag iwwert 400 Kilometer packt. An das wierklech net schlecht. A mol net mat Verzicht verbonnen.

Beim Fuere genéisst ee wéi bei all Elektromotor dat massiivt Dréimoment, wat direkt parat steet. Mat 150 kW, also ronn 200 aler Päerd, ass de Kona flénk an absolut stressfräi ze fueren. Bei 167 gräift de Begrenzer an. Wat éischter irrelevant ass.

Dass déi ganz Kraaft nëmmen un déi viischt Rieder geet, mierkt een. An och d’Gewiicht, wat duerch eng méi ferm Fiederung an der Gitt gehal gëtt. E Sportswon ass a wëllt de Kona net sinn. Mä Spaass mécht en trotzdem. Wéinst der doucer Kraaft ouni Kaméidi.

En iwwerzeegend Gefier ass fir de groussen Auslaf awer och op eng iwwerzeegend Infrastruktur ugewisen. An do gëtt et evidenterweis net duer, fir Luedstatiounen opzeriichten. Belschen Auto, belsch Stroumkaart. Geet hei am Land op ville Plazen net. Et misst ee verdammt nach säi Stroum kënnen einfach mat enger Kreditkaart kënne bezuelen amplaz all déi ëmständlech Abonnementer. Stellt Iech vir, Dir gitt bei eng Aral-Tankstell an déi soen Iech: “Sorry, mir kënnen Iech kee Sprit verkafen, Dir sidd Shell-Client, da musst Dir Ären Auto dohinner drécken.” Esou promovéiert een d’Elektromobilitéit garantéiert net.

Mä dat ass net d’Schold vu Hyundai. D’Koreaner hu mam Kona e gelongent Elektromobil op d’Rieder gestallt. Wat endlech esouwäit kënnt, dass fir déi meescht vun eis d’Autononomie am Alldag méi wéi duer geet, ouni Aschränkung vun de Gewunnechten. 45’000 Euro fir den Topmodell mat der déckster Batterie sinn dofir sécher net bëlleg. Mä bedeitend manner wéi d’Konkurrenz momentan fir vergläichbar Leeschtunge verlaangt.

Hyundai Kona electric
Den "normale" Kona hu mir scho getest. Elo kënnt déi elektresch Versioun. De Pascal Becker huet de 482km Autonomie vertraut a war bis an d'Eislek domatter.